No jorelaangem Waarden op de Flüchtlingsstatut wëlle vill unerkannte Flüchtlingen esou séier ewéi méiglech hir enkste Famill op Lëtzebuerg a Sécherheet bréngen. Si hunn dofir 6 Méint Zäit a musse keng Wunnengs- oder Akommeskonditiounen erfëllen.
D'Gesetz gesäit 9 Méint vir
Flüchtlinge si Mënschen a Mënsche leiden ënner der Trennung mat hirer Famill. Mat dacks dramatesche Konsequenze fir déi mental Gesondheet vun de Betraffenen: Stress, Angscht- a Panikufäll, Schlofstéierunge, Konzentratiounsschwieregkeeten a generellen Decouragement bis hin zu kompletter Verzweiflung oder souguer Selbstmordgedanken.
Nom Areeche vun enger Ufro op Familljereunifikatioun muss een den Ament bis zu 35 Méint op eng Äntwert waarden. Dat obwuel d'Gesetz preziséiert, datt d'Verwaltung bannent enger Frist vun 9 Méint muss äntweren.
Den Ombudsmann wollt Erklärungen zu dëse laange Waardezäiten, mee d’Direktioun vun der Immigratioun huet de Retard just bestätegt, ouni weider Erklärungen ze ginn.
Ginn d'Demandeuren ausgebremst?
Et kéint ee jo mengen, d’Ursaach wier, datt eng Familljenzesummeféierung bei Flüchtlingen eng komplizéiert Affär ass. Dat ass awer net de Fall. Souguer wann e Flüchtling schafft, eng eege Wunneng huet an all néideg Dokumenter agereecht huet, muss hien extrem laang op eng Äntwert waarden.
Et gëtt een d'Gefill net lass, datt d'Politik an d'Administratioun éischter probéieren ze bremsen an ze verhënneren, ewéi d'Reunifikatiounen ze erméiglechen.
Bei Familljen aus Eritrea ginn zum Beispill Kopië vun alle Säite vum Pass verlaangt, obwuel kloer an der Ufro steet, datt d’Hierkonftsland kee Pass ausstelle wëllt. Oder et gëtt en Zölibatzertifikat fir e 17 Joer ale Mannerjärege gefrot, och wann d'Bestietnes vu Mannerjärege souwuel no Lëtzebuerger Recht, wéi och no deem vum Ursprongsland, net erlaabt ass. Oder den Acte de naissance vun engem Kand gëtt refuséiert, well d‘Geschlecht vun den Elteren net um Dokument uginn ass.
D'Verwaltung fuerdert dacks ëmmer nees zousätzlech Dokumenter, och wann d'Persoun déi virdrun ugefroten Dokumenter ofginn huet – dëst frustréiert an decouragéiert. Heiansdo ginn esouguer Dokumenter, déi scho virgeluecht goufen, nach emol gefrot.
Administrativ Dysfonctionnementer a politesch Willkür
Ëmmer méi heefeg gi Familljereunifikatiounen carrement ofgeleent, mam Argument, datt mëttlerweil ze vill Zäit vergaangen ass zënter der Trennung mat der Famill am Ursprongsland. Dat ass pure Sarkasmus.
E Flüchtling, dee jorelaang an der Asylprozedur hänkt, op eng Äntwert bis zu 35 Méint muss waarde fir Familljereunifikatioun - dat si jo ëmmerhin nach emol 3 Joer - gëtt responsabel gemaach fir administrativ Dysfonctionnementer a politesch Willkür.
D'Affer gëtt esou fir säin eegene Misär responsabel gemaach. Dobäi ass d'Rechtsspriechung vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter kloer: D'Dauer vun der Trennung huet keen Afloss op d'Existenz vun engem effektive Familljeliewen.
Luef vun der ADR seet alles
Den Ament läit eng Ännerung vum Gesetz fir Familljenzesummeféierung fir, mat "den dauerhaften Zoufloss vu Migranten duerch Familljereunifikatioun ze bremsen".
Eng eege Wunneng an en eegent Akommes sollen zur Konditioun gi wann unerkannte Flüchtlingen hir Elteren oder hir erwuesse Kanner wëllen nokomme loossen. Et ass ongewëss, wéi vill Leit dovu wäerte betraff sinn, an ob dës Ännerungen d’Iwwerfëllung vun de Flüchtlingsfoyere wäert bremsen.
Sécher ass: d'Recht op Familljereunifikatioun gëtt beschnidden an d'Mënschlechkeet bleift alt erëm op der Streck.
"Mir si frou fir all Flüchtling, deen net heihinner kënnt", sot rezent den zoustännege Minister Max Hahn an engem Interview. Op hirem Kongress de leschte Weekend zu Keespelt huet d'ADR der CSV-DP Regierung fir hier nei Migratiounspolitik felicitéiert. Dat seet alles.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.