D'Alimenter wieren an dëse Fäll dacks en immens wichtegt Element, fir der Aarmut ze entkommen, wéi d’Fuerscherin Anne-Catherine Guio vum Liser an enger neier Etüd festgestallt huet. Allerdéngs bezitt de Gros vun den elengerzéienden Eltere keen Ënnerhalt, an en anzefuerdere géif e laangen administrativen a juristesche Kampf mat sech bréngen.
Bal 20 Prozent vun de Kanner zu Lëtzebuerg wunnen net bei hiren zwee Elterendeeler
Ongeféier ee Fënneftel vun de Kanner zu Lëtzebuerg lieft net mat sengen zwee Elterendeeler zesummen. Déi Betraffe wunnen zum Beispill just bei hirer Mamm oder hirem Papp, vläicht wunne si ofwiesselnd bei béiden Elterendeeler. Oder si liewe mat engem Elterendeel an deem sengem neie Partner oder Partnerin zesummen.
Iwwer dës individuell Situatioune géifen net vill Informatioune virleien, wat et komplex géif maachen, Aarmut ze moossen, seet d’Anne-Catherine Guio. Et wéisst een net ëmmer, wie wat fir d’Kand bezilt. Fest steet awer, datt wann e Kand déi meeschten Zäit bei engem Elterendeel verbréngt, eng finanziell Kompenséierung virgesinn ass: d’Pension alimentaire.
"Cette pension alimentaire, elle est souvent cruciale. Et c'est vraiment ce qu'on a mesuré avec cette étude, c'est en quoi cette pension alimentaire est cruciale pour échapper à la pauvreté."
De Gros vun den Elengerzéiende bezitt keng Alimenter, obwuel se kéinte kruzial sinn
Den éischte Constat, deen ee gemaach hätt, wier, datt de Gros vun de Familles monoparentales - nämlech ganzer zwee Drëttel - keng Pension alimentaire bezitt, wéi d’Anne-Catherine Guio erkläert. D’Grënn dofir wieren onkloer.
Elo ass d’Fuerscherin vum Liser der Fro nogaangen, wéi d’finanziell Situatioun vun Elengerzéienden, déi eng Pension alimentaire kréien, wier, wa si dës Ënnerstëtzung net zur Verfügung hätten. An do war d’Resultat däitlech, esou d'Anne-Catherine Guio.
"On a fait cet exercice un peu artificiel de retirer la pension alimentaire du revenu et de voir à ce moment-là s'il y a beaucoup de familles monoparentales qui tombent dans la pauvreté. Donc on voit par exemple qu'il y aurait 10 pourcents en plus de familles monoparentales qui tomberaient dans la pauvreté si elles ne recevaient pas ces pensions alimentaires."
Dat géif weisen, datt garantéiert Alimenter en immens wichtege Facteur wieren, betount d'Anne-Catherine Guio.
Ganz schwiereg Ënnerhaltsbezuelungen, déi ausbleiwen, anzefuerderen
Elengerzéiender hunn e Recht op Ënnerhaltsbezuelungen, all Elterendeel eng entspriechend Obligatioun. Mee wat geschitt, wann deen aneren net bezilt, obwuel engem eng Pension alimentaire vum Geriicht zougesprach gouf? Dat ass ganz schwiereg, seet d’Anne-Catherine Guio.
"Au Luxembourg, il y a actuellement un système qui vise à intervenir quand il y a un défaut de paiement. Mais il y a des démarches administratives assez complexes. On voit qu'il y a beaucoup d'abandon ou de refus d'intervention. C'est un système qui doit être revu."
Dat wier och am nationalen Aktiounsplang géint d'Aarmut esou virgesinn, seet d'Anne-Catherine Guio.
Datt et méi effikass geet, weisen aner Länner
A Frankräich beispillsweis géif et e System ginn, wou de Staat automatesch intervenéiert, wann net bezuelt gëtt. Zu Lëtzebuerg awer misst dat betraffent Elterendeel bei engem Defaut vum Payement viru Geriicht dofir kämpfen. Dat géif Zäit, Ressourcen an Energie kaschten, esou d’Anne-Catherine Guio.
Dofir wier et immens wichteg, datt de Staat intervenéiert - net andeems e bezilt, mee andeems en dofir suergt, datt den Ex-Partner oder d’Ex-Partnerin senger Flicht nokënnt.
"C'est très important qu'il y ait un service étatique qui puisse aider les plus fragiles à défendre leurs droits et à obtenir la pension alimentaire."
D’Kandheet wier schliisslech eng kuerz Zäit, ënnersträicht nach d’Anne-Catherine Guio. An e Kand hätt net déi Zäit, déi d’Justiz brauch, fir säi Fall ze traitéieren.