arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP Motioun: Zeréckgeruffe Puddermëllechen sollen op enger Lëscht regroupéiert ginn

Chamber

|
headphones

1 min

LSAP Motioun: Zeréckgeruffe Puddermëllechen sollen op enger Lëscht regroupéiert ginn

Déi entspriechend LSAP-Motioun gouf um Mëttwochmëtteg an der Chamber mat breeder Majoritéit ugeholl. Déi Lëscht soll komplett an einfach accessibel fir d'Konsumente sinn.

headphones

1 min

© picture alliance / Christin Klose | Christin Klose
(Foto: picture alliance / Christin Klose | Christin Klose)

D'Motioun fuerdert iwwerdeems eng Upassung vun der Lux Alert App. Sou sollen déi betraffe Produiten duerch d'Scanne vum Barcode identifizéiert ginn. Déi Méiglechkeet géif an engem Aarbechtsgrupp analyséiert ginn, esou d'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen.

Um Mëttwochmoien huet de Kannerdokter Serge Allard am 100,7-Interview erkläert, wou de Problem mat de Ceruliden hierkënnt a wat den Impakt ass. Hien huet erkläert wéi hien d'Kommunikatioun vun den Autoritéite gesäit.