Den CSV-Finanzminister ass am 100,7-Interview, een Dag no der Presentatioun vu sengem Gesetzesprojet fir d'Steierreform, och op praktesch Avantagë vun der Reform agaangen. Wärend där 25 Joer laanger Transitiounsphas kéinte Leit, déi nach no der aktueller Steierklass 2 besteiert ginn, an déi eenheetlech Steierklass wiesselen.
Wien ass betraff?
Et wéilt ee mat der Upassung de Liewensrealitéite Rechnung droen.
"Dir kënnt haut eng Famill hunn, wou de Partner doheem ass, fir no de Kanner ze kucken. Wann dee seet, ech wëll awer, wann d'Kanner fënnef, sechs Joer sinn, dat wier dann 2030, wëll ech, datt ech erëm schaffe ginn, deelweis oder ganz. Dann hu si herno Avantagë fir ze wiesselen."
Betraff dovu si Koppelen, bei deene just ee vu béide Partner schaffe geet oder deen ee weesentlech méi verdéngt wéi deen aneren.
"Weesentlech méi heescht, datt d'Diskrepanz tëschent deem éischte Revenu an deem zweete Revenu, datt dat eng ass vu ronn 8.515. Dat heescht, wa mir e Menage hunn, deen 10.000 Euro Revenu de Mount haten, wou deen ee géing 8.500 verdéngen an deen aneren 1.500 Euro. Also et ass eng grouss Diskrepanz."
Et kéint een awer no engem Wiessel net méi zeréck an den ale Steiersystem, esou de Gilles Roth.
Abattement "petite enfance"
Eng Famill, déi e Kand am Alter vun 3 oder manner Joer huet, kritt een Abattement op hir Steiere vu 5.400 Euro. Am Fall wou d'Kand bei getrennten Eltere grouss gëtt, déi kee gemeinsamen Haushalt sinn, gëtt den Abattement tëschent béide Parteien opgedeelt, erkläert de Finanzminister.
"D'Reegel ass, datt et gespléckt gëtt tëschent den Elterendeeler. Et sief dann, mir hunn e wierklech klassesche Menage monoparental."
Digitaliséierung bei der Steiererklärung
E weidert Zil wier et, déi aktuell Steiererklärung vun 20 op 12 Säiten ze kierzen, esou de Gilles Roth.
"An hoffentlech dann och eng Kéier op de System ze kommen, wou d'Steiererklärung scho praktesch fir déi meeschte Leit oder déi meeschte Leit an engem Stot preimpriméiert ass, well d'Steierverwaltung eng ganz Rei vun Informatiounen huet."
Beispillsweis iwwer d'Sécurité sociale, de Loun, d'Pensioun, eventuell Assurancen, déi een ofsetze kann. Déi Informatioune kéint d'Steierverwaltung direkt vun de Banken oder den Assurancë kréien, wann d'Leit den Accord ginn, esou de Gilles Roth.
Méi Hëllef fir d'Leit bei der Steiererklärung
D’Steierverwaltung soll d’Leit och beroden, wéi ee Choix fir si am virdeelhaftsten ass. Dofir sollen och Camionnetten als mobil Steieratelieren duerch d’Land fueren.
Datt déi nei Steierklass wäert "U" heeschen, géif vun "tarif unique" kommen, erkläert iwwerdeems de Gilles Roth.
Eng Reform am breede Konsens
Vun Ufank un huet den CSV-Finanzminister Gilles Roth betount, hie wéilt d'Steierreform an engem méiglechst breede Konsens duerchféieren.
Hien hätt versicht esou vill wéi méiglech Propose vu Gewerkschafts- an Oppositiounssäit mat anzebauen, ënnersträicht de Gilles Roth. Dofir hätt hie sech esouwuel mat all de Fraktiounen aus der Chamber getraff, wéi och zweemol d'Gewerkschafte CGFP, LCGB an OGBL gesinn.
Am 100,7-Interview huet d'OGBL-Presidentin Nora Back d'Reform zwar begréisst, mee och eng Rei Kritikpunkte genannt. Dorënner och, datt déi 25 Joer Auslafe vum ale System net laang genuch sinn. Dozou de Gilles Roth:
"Wann hir Fuerderung déi ass, fir dat indeterminé ze maachen, fir einfach dee System auslafen ze loossen, sinn ech dee leschten, dee mech deem widdersetzt."
Wou kommen d'Suen hier?
850 Milliounen Euro wäert déi geplangte Reform de Lëtzebuerger Staat kaschten. Déi Sue sollen erakommen duerch Indextranchen, déi net berengegt ginn, souwuel vergaangener wéi och déi nächst Indextranchen, déi nach bis 2028 sollen ufalen.
"Dat heescht, mir huelen dat, wat vun Inflatioun opgelaf ass, an net an der Steiertabell berücksichtegt ass bis 2028, hu mir an d'Dëppe fir zum Deel géigenzefinanzéieren. (...) Et ass en Invest an e laangfristege Steiermodell, et ass en Invest an e moderne Staat Lëtzebuerg, et ass en Invest och an d'Kafkraaft vun de Leit."
Inflatioun wäert et awer och nach nom 1. Januar 2028 ginn, seet de Gilles Roth.
"An dofir hu mir eng Klausel dragesat, datt eréischt no dräi Joer, wann dräi Indextranchen ugelaf sinn, eng Regierung gehalen ass, fir deene Rechnung ze droen."
Wann een da géif mierken, datt een d'Inflatioun net méi richteg opgefaange kritt, da misst d'Chamber sech dann nees mam Gesetz auserneesetzen, esou de Gilles Roth. Dat dierft dëser Reform awer net am Wee stoen.