arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bee Secure Radar: 1/3 vun de Jonke gesinn negativen Afloss vu KI op hiert kritescht Denken

Educatioun

|
headphones

3 min

Bee Secure Radar: 1/3 vun de Jonke gesinn negativen Afloss vu KI op hiert kritescht Denken

Déi Kënschtlech Intelligenz (KI) ass de grousse Fokus-Sujet vum BEE SECURE RADAR 2026. Déi fënneft Editioun vun der dësem Trend-Monitoring gouf haut um Dënschdeg um Safer Internet Day presentéiert.

headphones

3 min

© Serge Kesseler
(Foto: Serge Kesseler)

Op Basis vun enger Enquête gouf erausfonnt, datt 84 Prozent vun de Jonken tëschent 17 an 30 Joer Chatbots, wéi ChatGPT, notzen. Een Drëttel vun de Jonke gesinn den Afloss vun der KI op hiert kritescht an autonoomt Denken negativ.

Pro Dag ronn 4 Stonne Smartphone

Dëser net representativer Enquête am Schouljoer 2024/25 no, schätzen 61 Prozent vun de Leit tëschent 17 an 30 Joer, datt si pro Dag iwwer véier Stonnen Zäit um Smartphone verbréngen. De Gros dovun op de sozialen Netzwierker. Dat hätt Konsequenzen, seet d’Christine Konsbrück vum Service national de la jeunesse.

"Bei de Social media soen 59 Prozent vun de 17 bis 30 Järegen, datt dat een negativen Afloss op hiert Wuelbefannen huet. A beim Smartphone sinn et 44 Prozent, déi och soen, datt et éischter eng Verschlechterung vum Wuelbefannen duerstellt."

Trotzdeem géif d’Notzung vu Smartphone a Social Media intensiv bleiwen, huet d’Enquête gewisen.

Jonker fuerdere selwer eng Alterslimitt

Fir de BEE SECURE RADAR 2026 goufen déi jonk Leit och gefrot, wat si an der Onlinewelt géife veränneren, wa si dat kéinten.

"Si géingen eng Alterslimitt fixéiere fir op den Internet, op de Smartphone ze goen. Da géife se och gäre besser Kontrollen aféieren, datt d’Inhalter vum Internet solle besser kontrolléiert oder och ageschränkt ginn, wann et net adaptéiert ass. An och den Hatespeech – wat och dëst Joer ee grousst Thema war – géife se am léifsten natierlech ofschafen."

Social-Media-Verbuet bis 16 Joer misst europäesch regléiert ginn

Bei der Presentatioun vum BEE SECURE RADAR 2026 huet de Minister Claude Meisch (DP) ugekënnegt, datt sech politesch a reglementaresch mat dëse Phenomener misst beschäftegt ginn. Hien huet d’Fro opgeworf, ob een déi Jonk onkontrolléiert a sozial Medie wéilt andauche loossen. 

Dobäi hätt hien eigentlech léiwer eng europäesch Reegelung, esou de Claude Meisch. 

"Well se sécherlech méi einfach, méi effikass ass duerchzesetzen, och par rapport, zu deene groussen Techfirmen, europäescher a virun allem awer och net-europäescher."

Verbuet fir Kanner ënner 16? 

Sollt et net zu enger europäescher Reegelung kommen, da misst Lëtzebuerg trotzdeem seng Responsabilitéit iwwerhuelen, fir ee Social-Media-Verbuet bis e gewëssen Alter duerchzesetzen. De Claude Meisch huet dobäi den Alter vu 16 Joer genannt. 

"Einfach well mer déi Jonk musse protegéieren, deene Jonke mussen d'Chance ginn, sech selwer mol kënnen ze entwéckelen, éier se eeben an déi Welt vun de soziale Medien eragezu ginn, ze wäit eragezu ginn, éier se manipuléiert ginn duerch déi Algorithmen, an éier se eigentlech vergiessen, wat et nach alles op dëser Welt soss Flottes ze entdecke gëtt." 

BEE SECURE ass eng Initiativ vun der Regierung, déi vum Service National de la Jeunesse a vum Kanner- a Jugendtelefon duerchgefouert gëtt, an Zesummenaarbecht mat ënner anerem dem Parquet an der Police.