Geplangt si Concerten, d‘nächst Joer, zu Cardiff, Manchester, London, Edinburgh an Dublin. Déi brittesch Band hat sech viru 15 Joer getrennt, den Noel Gallagher hat d‘Grupp am Sträit mat sengem Brudder verlooss.
Mat Lidder wéi „Wonderwall“, „Don't Look Back in Anger“ a „Supersonic“ huet Band vu Manchester d‘1990er Jore gepräägt. Oasis ass eng vun den erfollegräichste Bands an der brittescher Museksgeschicht.