Radioen

On air

Notturno  |  Kyle Kidd - Tms

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ ONGen no Entrevue mam Premier: "D'Zivilgesellschaft gëtt net genuch concertéiert"

National

ONGen no Entrevue mam Premier: "D'Zivilgesellschaft gëtt net genuch concertéiert"

Eng Initiativ vu ronn 30 ONGe fuerdert eng besser Kooperatioun mat der Regierung. Dëst mam Zil, d’Conditioune vun den Associatiounen ze verbesseren. Doropshin hu sech um Freidegmëtteg 7 Vertrieder vun de Lëtzebuerger ONG’e mam Premierminister op en Echange getraff. Op engem Punkt ware si sech dann och alleguer eens.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

Luc Frieden Entrevue mat den ONGen. | © Ministère de l'État play_arrow
Foto: Ministère de l'État

De Luc Frieden hat no engem oppene Bréif vun den ONGen op dës Entrevue agelueden. Et wier e positiven Echange gewiescht. Et wier een awer nëmmen um Ufank, seet den David Perreira, Direkter vun Amnesty International Lëtzebuerg.

Wat ziele géif wier de Suivi, seet d’Blanche Weber. D’Presidentin vum Mouvement écologique seet, datt ee sech eens wier, datt d'Concertatioun mat der Zivilgesellschaft am Ablack net stattfanne géing.

"An dat ass elo positiv, datt de Premier gesot huet, hie géif eis wichteg fannen, mee da muss et sech elo erëmspigelen an der konkreeter Alldagsaarbecht vun alle Ministèren. An ech mengen, dat ass elo d'Essenz vum Suivi.”

Lauschterenplay_arrow

Et wier an de nächste Méint eng weider Entrevue tëscht den ONGen an dem Premier Minister virgesinn.