Radioen

On air

Thé Dansant  |  Brenda George - What You See Is What You're Gonna Get

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ONG-Etüd iwwer EU-Deputéiert: Milliounen Euroe ginn niewelaanscht verdéngt

EUROPAPARLAMENT

ONG-Etüd iwwer EU-Deputéiert: Milliounen Euroe ginn niewelaanscht verdéngt

Bal zwee Drëttel vun den EU-Deputéiert verdénge Suen niewent hirem Mandat. Verschiddener schaffe fir Entreprisen, déi Lobbyaarbecht zu Bréissel maachen. Do kéint et zu Interessekonflikter kommen, seet Transparency International.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Transparency International huet op der Basis vun deem, wat d’Deputéiert selwer deklaréiert hunn, zesummegerechent, wéi vill déi 705 Europadeputéiert sech niewelaanscht fir verschidden Aktivitéiten ausbezuele loossen: dat sinn ëmmerhin 8,7 Milliounen Euro.

Dräi Milliounen Euro niewelaanscht: Litaueschen Europadeputéiert ass Spëtzereider

Absolutte Spëtzereider ass an där Lescht de Litauer Viktor Uspaskich, deen eleng iwwer dräi Milliounen Euro pro Joer en plus vu sengem Gehalt am Parlament (ronn 10.000 Euro brutto de Mount) verdéngt, andeems hie fir seng eegen Entreprise mam Numm „Edvervita“ schafft.

Dat verstéisst net géint d’Reegele vum Parlament. Et kéint nawell problematesch sinn, erkläert de Raphael Kergueno vun Transparency International. Et gëtt nämlech Hiweiser drop, datt den Deputéierten an engem enke Lien mat der russescher Regierung steet.

An der Lëscht vun den Top Ten fënnt sech och de Manfred Weber rëm, de Chef vun der Europäescher Vollekspartei, dee fir dee Presidentenjob all Mount 14.000 Euro en plus vu sengem Gehalt als Europadeputéierte kasséiert.

Ganz gutt niewebäi remuneréiert ass och de Guy Verhofstad, dee verschidden Entreprisë beréit a sech domat ëmmerhin 131.000 Euro am Joer niewelaanscht verdéngt.

Och do ass näischt Illegales drun. D‘Parlament hat nom Korruptiounsskandal ronderëm de „Qatargate“ d‘Reegele verschäerft. Dat geet awer net duer, seet „Transparency International“.

80 Prozent vun de Niewenaktivitéite si Posten a Verwaltungsréit

Datt et sech am Allgemenge bei 80 Prozent vun de Niewenaktivitéiten ëm ee Posten an engem Verwaltungsrot vun enger privater Entreprise handelt, mécht der Organisatioun Suergen.

Problematesch géif et virun allem ginn, wann déi Entreprise am Lobby-Regëster agedroen ass, also de facto Lobbyaarbecht zu Bréissel mécht. Dat ass zum Beispill beim däitsche Konzern aus dem Agrar- an Energiesecteur, der Baywa AG, de Fall, fir déi d’CDU-Politikerin Monika Hohlmeier am Verwaltungsrot aktiv ass an dofir 75.000 Euro am Joer als Remuneratioun kritt.

Een Deputéierten dierf keng Lobbyaarbecht maachen: dat seet eng Reegel vum Europaparlament. Do wier et, sou Transparency International, logesch, datt et och verbueden ass, fir eng Entreprise ze schaffen, déi als Lobbyist aktiv ass.

Charles Goerens: Strikt Trennung tëscht „administrateur“ a „mandataire politique“

Ënnert de Lëtzebuerger Europadeputéiert gëtt iwwregens just de Charles Goerens un, eng bezuelten Niewenaktivitéit ze hunn. Hien ass Member vum Verwaltungsrot vu Foyer Finance. Enger Gesellschaft, déi ënner anerem Parten an der Assurancegesellschaft Foyer, an an der Investitiounsentreprise Luxempart huet.

De Chareles Goerens kritt fir déi Aktivitéit eegenen Aussoen no all Joer 43.000 Euro niewent sengem Salaire als Deputéierten ausbezuelt.

Zu deem spezielle Fall kéint hien näischt soen, erkläert de Raphael Kergueno. E kéint awer Froen opwerfen, am Fall wou déi Entreprise een Interêt hätt, EU-Gesetzer ze beaflossen.

Hie géing am Parlament kenger Kommissioun ugehéieren, déi sech Reegele vum Finanzmaart ofgëtt, sou de Chareles Goerens dozou. An hie géif eng strikt Trennung tëscht senger Funktioun als Administrateur a Mandataire politique maachen.

Dat sot och d’Monika Hohlmeier der Tëleeschaîne Euronews.

De Problem, sou Transparency International, wier, datt am Europaparlament keng richteg Kontrolle gemaach ginn. D‘ONG fuerdert dowéinst een onofhängege Gremium am Parlament, fir Enquêten iwwer eventuell Interessekonflikter ze féieren.

Am meeschte verdénge Politiker aus Zentrums- a Rietsparteien niewelaanscht

Fréier Etüde vun Transparency haten een änlech héijen Niveau vun Niewenaktivitéite vun Europadeputéiert gewisen. Déi aktuell Etüd stellt ee gewëssen Trend bei de Parteie fest. Zwar hunn d‘Europadeputéiert queesch duerch d‘Parteien deklaréiert, niewent hirem Mandat aktiv ze sinn. Der Etüde vun Transparency International no verdéngen awer an der Moyenne d‘Deputéiert vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei, de Liberalen an déi vun der Droite an der Extrême Droite am meeschten niewelaanscht.

Et wiere gläichzäiteg déi Parteie gewiescht, déi sech géint méi streng Reegele gewiert hunn, sou d‘Organisatioun an hirer Analys.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Politik a Gesellschaft