Do ass d‘Conciliatiouns-Prozedur iwwermuer eriwwer, mee eng grouss Majoritéit vun de Salariéë géife weider Nee soen zur Propose vun der Direktioun, sou den OGBL an engem Schreiwes.
D‘Direktioun géif trotz eng Verdräifachung vun de Beneficer zanter 2019 nëmmen eng Salaires-Hausse vun 0,3 Prozent proposéieren, wäit ewech vun den 2,5 Prozent, an dräi extra Deeg Congé, déi gefuerdert ginn.
Wann d'Direktioun dat weider refuséier, géif den OGBL Mesuren huelen, dorënner eng Consultatioun mam Personal en vue vun engem Streik.