Domat géif déi handwierklech a berufflech Ausbildung weider attraktiv bleiwen. Den OGBL rappeléiert gläichzäiteg, datt dëse Schrëtt eleng net duergeet.
D‘Gewerkschaft fuerdert ënner anerem eng obligatoresch Orientéierung op der Quatrième, fir datt d‘Ausbildung ne als eng Noutléisung ugesi gëtt. D‘Ausbildung sollt dann och ëm ee Joer verlängert ginn, fir den Ofschloss opzewäerten.
Richtege Wee ageschlo
An d‘Ofschlëss sollen esou unerkannt ginn, datt duerno den Zougank zu weidere Formatiounen méiglech ass, wéi zum Beispill d‘Meeschterprüfung op Bachelorniveau.
Fir den OGBL wier de richtege Wee ageschloe ginn, d‘Reform dierft awer net als Endpunkt ugesi ginn, heescht et an hirem Communiqué.