arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ OGBL an LCGB ruffen zur Protestaktioun haut virun der Chamber op

Chamber

|
headphones

1 min

OGBL an LCGB ruffen zur Protestaktioun haut virun der Chamber op

Haut um Donneschdeg soll d'Chamber e Projet fir d'Verlängerung vun den Ouvertureszäiten an de Geschäfter stëmmen. Den OGBL an den LCGB fuerderen awer e Moratoire. An dofir protestéieren déi zwou Gewerkschaften de Moie vu 7:30 Auer u virun der Chamber um Krautmaart.

headphones

1 min

© Maurice Molitor
(Foto: Maurice Molitor)

Et sollt fir d‘éischt eng sozial Impaktetüd gemaach ginn, fir déi sozial Konsequenze vu méi laangen Ouvertureszäite fir déi betraffe Salariéen ze studéieren. Dat ass d‘Fuerderung vun de Gewerkschaften. Esou laang sollt de Projet op Äis geluecht ginn.

D‘Gewerkschafte weisen drop hin, datt ganz Famille betraff sinn, wann d‘Geschäfter méi laang kënnen opbleiwen. Fir d‘Employéë selwer hätte méi laang Ouvertureszäiten awer keng wirtschaftlech Virdeeler.