arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Make Amazon Pay"-Protest hëlt dëst Joer och de Premier Luc Frieden an d'Viséier

Protestaktioun

|
headphones

1 min

"Make Amazon Pay"-Protest hëlt dëst Joer och de Premier Luc Frieden an d'Viséier

Protest géint Amazon: Zu Lëtzebuerg mobiliséieren ONGen an aner Organisatioune géint déi amerikanesch Firma. Si hunn zu engem Protest géint Amazon iwwermuer um Freideg an der Mëttesstonn opgeruff. Och de Premier ass viséiert.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Christian Charisius
(Foto: picture alliance/dpa | Christian Charisius)

Amazon wier a senger aktueller Form weder fir Lëtzebuerg, nach soss iergendwou eng Chance, esou e Communiqué vun dësen Organisatiounen, dorënner Greenpeace, Tax Justice Lëtzebuerg, déi Lénk a Jonk OGBL. 

Aarbechtsplazenofbau suergt fir Onrouen 

De Protest zu Lëtzebuerg ass am Kader vun enger internationaler Beweegung mam Numm Make Amazon Pay. Een Ausléiser ass d‘Annonce vun Amazon, weltwäit 14.000 Aarbechtsplaze wëllen ofzebauen.

Amazon plangt och Entloossungen zu Lëtzebuerg. An de Medie war vu 470 Plaze rieds, mee déi Zuel ass net confirméiert.

"Naiv Ënnerwerfung" vum Premier  

De Protest riicht sech och géint de Premier Luc Frieden. Hien hat rezent an den USA ënner anerem de Generaldirekter vun Amazon zu Seattle begéint. De Kollektiv gehäit dem Premier eng "naiv Ënnerwerfung" vis à vis vun Amazon an der amerikanescher Techbranche vir.

D‘lescht Woch hat de Premier den Aarbechtsminister Georges Mischo beoptraagt mat der Chefetage vun Amazon Kontakt ophuelen, fir iwwer d’Méiglechkeete vun engem Plan de maintien dans l’emploi ze diskutéieren.