Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
search

/ LCGB an OGBL reagéieren op d’Walresultat

Gewerkschaften

LCGB an OGBL reagéieren op d’Walresultat

Fir den OGBL géif elo ganz vill Aarbecht duerkommen, ënnersträicht d’Presidentin vum OGBL, d’Nora Back, op eis Nofro hin. Fir de Patrick Dury, de President vum LCGB, geet et elo virun allem drëm, datt séier eng Regierung zustane kënnt.

auto_stories

2 min

Et hätt villes drop hi gedéit, dass déi gréng géife verléieren. Dësen Ausmooss wier awer, trotz politeschen Differenzen, ee bedauerlechen Drama, betount d'OGBL-Presidentin Nora Back. Allgemeng géif sech d’Politik elo méi riets vun der Mëtt ofspillen, wat géif heeschen, datt d’Acquise vu bis elo, sief et den Index-System oder d’Gesondheetspolitik, misste verdeedegt ginn.

“Dat heescht mir setzen eis a fir d’Interesse vun de schaffende Leit an hire Famille fir hir Rechter ze verdeedegen, egal wéi eng Faarf do un der Spëtzt steet. Et bedeit ebe just fir eis, datt mer eis kënnen drop astellen, datt d’Politik déi wäert gemaach ginn, wäit ewech vun eiser Programmatik ass, méi wäit wéi et bis elo war."

Lauschterenplay_arrow

D’Nora Back ënnersträicht och, datt elo mat méi Aarbechtskämpf an Onrouen ze rechne wier.

LCGB mécht sech manner Gedanken

Et géif eng ganz Rei u sozialen an ekonomesche Problemer hei am Land ginn, an dofir bräicht een eng stabil Regierung, fënnt de President vum LCGB, Patrick Dury. Et wéilt een elo mat den neien Acteuren an der Regierung probéiere Léisungen ze fannen, et géif een als LCGB elo nach net un aner gewerkschaftlech Mesuren denken, esou nach de Patrick Dury.

“Mir féieren eis Relatiounen an eise Raisonnement um Dossier. Wa mir mat engem um Dossier usech kennen d’Resultater fir d’Leit kennen eraus schloen, esou kucke mir dat. Mir maachen eis net primordial doriwwer Gedanken, de Wieler ass souverän, de Wieler huet geschwat an e Walresultat erbäi gefouert.”

Lauschterenplay_arrow

Schlussendlech misst d’Gewerkschaft kucken, mat deenen Acteuren, déi an der Regierung sinn, Resultater ze kréien am Sënn vun de Leit.