Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An de Gemenge Beefort a Bäerdref gëtt de Sonndeg zweemol gewielt

Chamberwalen a Gemengewalen

An de Gemenge Beefort a Bäerdref gëtt de Sonndeg zweemol gewielt

Zu Beefort an zu Bäerdref ass elo eng speziell Organisatioun gefuerdert. Do gëtt e Sonndeg zweemol gewielt. Nieft de Chamberwalen, mussen an deenen zwou Gemengen och d’Gemengewalen nogeholl ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Adobe Stock / bizoo_n play_arrow
(Foto: Adobe Stock / bizoo_n)

An der Proporzgemeng Beefort goufen d'Walresultater vu Juni annuléiert, wëll ee vun de Kandidaten, zwar an der Gemeng ugemellt ass, mee net effektiv do lieft. An der Majorzgemeng Bäerdref ass ee vun de Kandidaten nom Delai fir ze kandidéiere verstuerwen.

E Sonndeg wäerten do also an alle Walbüroen zwou Urne prett stoen – faarflech markéiert, eng fir d’Gemengewalen, an eng fir d’Chamberwalen, erkläert de Claude Oé, Gemengesekretär vu Bäerdref.

"D’Leit kommen eng Kéier an de Walbüro a si hunn awer duebel Convocatioune kritt, fir d’Gemengewalen a fir d’Legislativwalen, well mir jo och d’Méiglechkeet hunn, datt Auslänner och kënne bei de Gemengewale wielen an awer net Legislativwalen. An d’Leit kréien dann zwee Bulletinen, déi verschidde Faarwen hunn, a mat deene ginn si dann an d’Walkabinnen." 

Jeeweils 300 Bréifwalen ugefrot

A béide Gemenge gi fir d’éischt d’Stëmme vun de Chamberwalen ausgezielt. Eréischt wann hei d’Resultater weider kommunizéiert goufen, gëtt d’Urn mat den Ziedele fir d’Gemengewalen opgemaach.

Vun de knapp iwwer 3.000 Awunner zu Beefort, a ronn 2.000 Awunner zu Bäerdref hunn der jeeweils ronn 300 d’Bréifwal fir d’Gemengewalen ugefrot.

Ee Walbüro méi zu Beefort

Wéinst der Duebelwal muss d’Gemeng Beefort ee Walbüro méi opmaachen, erkläert de Christian Kieffer, Responsabele vun de Walbüroen.

"Well soss ass et am Prinzip jo esou, datt ee Büro net méi wéi 600 Leit dierf empfänken, déi hir Stëmm am Büro ofginn. A well mir eng Duebelwal hunn, gesäit d’Gesetz fir, datt et just dierfe 400 Leit pro Büro sinn."

Mat de Resultater vun de Gemengewale gëtt zu Bäerdref am fréien Owend gerechent. Zu Beefort konnt een nach net viraussoen, géint wéi vill Auer déi éischt Resultater virleien.

Lauschterenplay_arrow