2018 sinn eelef Fraen direkt gewielt ginn. Dëst Joer sinn et der siwe méi. D’Isabelle Schmoetten betount awer, datt et an dem Tempo nach laang dauere wäert, bis Lëtzebuerg eng paritéitesch Regierung hätt.
Wäit ewech vu Paritéit
Datt een dovun awer nach wäit ewech wier, hätt een och am Walkampf scho gesinn. Bei deene meeschten Table-rondë ronderëm d’Chamberwale, déi vun de Medienhaiser an der Zivilgesellschaft organiséiert goufen, wiere wesentlech méi Männer vertruede gewiescht wéi Fraen, bedauert d’Isabelle Schmoetten.
“Dat gesäit een dës Kéier besonnesch: datt Spëtzekandidaten a Spëtzekandidatinne gewielt ginn. An dann ass et natierlech super, wann een Duebelspëtzten huet, mee wann d’Duebelspëtzte reng männlech sinn, féiert dat natierlech och net zu enger besserer Representatioun vu Fraen.”
Haaptfuerderung Gendermainstreaming
Déi aktuell Geschlechter-Quot vu 40% vum ënnerrepresentéierte Geschlecht op de Wallëschte wier e gudden Ufank, fënnt d’Isabelle Schmoetten. Als CID Fraen an Gender wier een awer méi zefridden, wann d’Quot bei 50 % géif leien. D’Haaptfuerderung vu CID Fraen an Gender ass awer den gendermainstreaming.
“Dat heescht, datt all politesch Mesure, wann ee se plangt an ëmsetzt, wann ee se evaluéiert, datt d’Genderperspektiv matgeduecht gëtt. Datt gekuckt gëtt, wéien Afloss huet dës Mesure op ënnerschiddlech Geschlechter.”
Wann dat géif konsequent duerchgefouert ginn, da géif een och net just Frae berécksiichtege mee déi ganz d’LGBTQI-Communautéit.
Virbild fir jonk Meedercher?
Datt mam Luc Frieden elo nees e Mann Premier zu Lëtzebuerg gëtt, wier virun allem fir kleng Meedercher schued, fënnt d’Isabelle Schmoetten; déi hätten nämlech an enger Fra als Premierministerin kéinten e Virbild gesinn.
Et wier awer net esou, datt, nëmme well een eng Fra ass, och eng feministesch Politik gefouert gëtt, fënnt d’Isabelle Schmoetten nach weider.
“Grad an antifeministesche Kreesser ginn et Fraen, déi eng staark Stëmm hunn. A wou scho besonnesch geféierlech sinn, well dat den antifeministescher Rhetorik wierklech an d’Kaarte spillt.”
An engem oppene Bréif un de zukünftege Premier Luc Frieden, mat Kopie un d’DP an d’LSAP, betount CID Fraen an Gender hir Fuerderungen un d’Politik; an erënneren d’CSV un hiert Versprieche vun enger Gläichstellungspolitik.