Radioen

On air

Ligne 2  |  Ligne 2

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ​OGBL: Gewerkschaftlech Aktioune bei Coca-Cola Lëtzebuerg

Méigleche Streik

​OGBL: Gewerkschaftlech Aktioune bei Coca-Cola Lëtzebuerg

Den OGBL kënnegt gewerkschaftlech Aktioune bei Coca-Cola Lëtzebuerg un. Zanter Juni sinn d‘Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag virum Conciliateur.

auto_stories

1 min

Coca-Cola | © Bigstock / spectrevers
Coca-Cola (Foto: Bigstock / spectrevers)

Mee d‘Direktioun géif sech weider stuer stellen an d‘Verhandlunge blockéieren, sou den OGBL an engem Communiqué.

D‘Gewerkschaft fuerdert Erhéijungen an de Paien, mee dat wat d‘Direktioun wéilt accordéieren, wier eng Frechheet. Och déi eemoleg Primme, déi d‘Mataarbechter dëst Joer ausbezuelt krute wier lächerlech, sou den OGBL.

D‘Direktioun vu Coca-Cola kritt och e Manktem un Transparenz virgehäit. Dem OGBL no hätt Coca-Cola Lëtzebuerg d‘lescht Joer e Resultat vun 276 Milliounen Euro gemaach… deemnächst solle gewerkschaftlech Aktiounen ufänken.