D'European Broadcasting Union, also d'Unioun vun den europäeschen ëffentlech Rechtleche Medie bei där och de Radio 100,7 Member ass huet an enger Etüde raus fonnt, datt vill Leit sech mat KI-Chatbots iwwer d'Aktualitéit informéieren. An der selwechter Etüd huet d'EBU och rausfonnt, datt ee sech op d'Äntwerte vun der KI wéineg verloosse kann.
All zweet Äntwert feelerhaft
Déi wuel wichtegst Conclusioun vun der Etüd ass: Bal all zweet Äntwert vu KI-Assistenten ass feelerhaft. Vu Mee bis Oktober huet d'EBU dëst getest a wollt dobäi virun allem erausfannen, wéi d’Medie vu Kënschtlecher Intelligenz representéiert ginn.
KI beaflosst Vertrauen an d'Medien
D’BBC hat nämlech erausfonnt, datt d’Leit net just drop vertrauen, datt d’Informatioune vun der Kënschtlecher Intelligenz richteg sinn. Bal d'Hallschent vun de befroten hunn och uginn, datt si de Medie manner vertrauen, wann a KI Äntwerte Feeler stinn. Wann d’KI also Informatioune vu Medie falsch erëmgëtt, geet dat och eis Journalistinnen a Journalisten eppes un.
Alle véier Chat-Bots falsch
Op d’Fro zum Beispill, wien de Poopst ass, hunn alle véier vun den gestesten Chat-Bots falsch, respektiv vereelzten Äntwerte geliwwert. Alleguer hunn uginn, datt den aktuellen Poopst de Poopst François wier. Dee war zu dem Punkt allerdéngs scho verstuerwen. Eng KI huet souguer uginn, datt de Poopst François de Chef vun der Kathoulescher Kierch wier an datt en den 21. Abrëll gestuerwen ass. An all dësen Äntwerte ginn dann och Source verlinkt, sou datt ee menge kann, datt déi Informatioun beluecht ass.
D’Quellenangab an d’Notze vu Quellen ass bal déi gréissten Erausfuerderung vu KI-Assistenten. An der Hallschent vun all de gesammelten Äntwerte goufen et Problemer mat de Sourcen. Also zum Beispill, datt eng aner Quell verlinkt gouf, wéi an der Äntwert ugi war. Oder datt an der Source guer net déi Informatioun steet, déi d’Kënschtlech Intelligenzan hirer Äntwert gëtt. Oder nach, datt inadequat Sourcë benotztginn.
Inadequat Aussoen
Eng Fro war zum Beispill déi, ob den Elon Musk een Hitlergrouss gemaach huet. Ee Chatbot huet sech a senger Äntwert op d'Emissioun "charline explise les faits" vu radio France beruff an dat ass eng Satir-Emissioun. Dat ass e bessen wéi wann een aus dem 100,7 B-Radio wéilt wëssen, wourëms et an den aktuellen Diskussiounen ëm de Sozialdialog geet.
An dëser Äntwert an der Etude, zu engem jo relativ seriöe Sujet, gouf och keen ubruechten Toun benotzt. D'KI schwätzt vun enger Zitat “Erektioun am rietsen Aarm” vum Elon Musk. Vue, datt eng Satir-Sendung hei zitéiert gëtt an d’KI den Ënnerscheed hei net gemaach kritt.
Optimiséierung a Sensibiliséierung
D'EBU fuerdert engersäits, datt an der Entwécklung vun der KI op ville Plazen nach nogebessert gëtt. KI-Entwéckler wiere sech dem Problem och bewosst a géifen dru schaffen. Iwweregens wann een haut freet wien de Poopst ass, gëtt en och déi richteg Äntwert. Iwwerdeems misst d'Leit méi sensibiliséiert ginn, wat d'Notze vu kënschtlecher Intelligenz ugeet.
D’EBU réit och, datt ee sech ëmmer nach haaptsächlech iwwer seriö Medien informéiere soll. Chatbots kënnen zwar eng grouss Schreifhëllef sinn, mee si ersetze keng Journalistinnen a Journalisten, déi Quelle préiwen, an Aussoen an e Kontext setze kënnen.
De ganze Rapporkann een um Sitt vun der EBU noliesen.