arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst héijer Suchtgefor: EU-Kommissioun kritiséiert TikTok

Sozial Medien

|
headphones

1 min

Wéinst héijer Suchtgefor: EU-Kommissioun kritiséiert TikTok

D’EU-Kommissioun gehäit dem chineeseschen Tik-Tok-Bedreiwer vir, mam Design vun der App, géint den EU Digital Service Act ze verstoussen. Bal alleguer de Videoe wieren drop ausgeluecht, d‘Notzer éiweg weider scrollen ze doen.

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Klaudia Radecka )

Dat wier schlecht fir hir physesch a mental Gesondheet a géif virop de Kanner a Jugendlechen an hirer Entwécklung schueden.

Tiktok geheit déi Virwërf vu sech

D‘Bild vun der EU-Kommissioun wier komplett falsch an et géif een all seng Mëttel notzen, fir dës Conclusioun unzefechten, esou de Bedreiwer vun der Plattform.