D‘Dr. Anne Vergison vun der Santé seet, dee Risiko wier limitéiert. Et kéint sech verbreeden, wann d‘Leit reesen. Mee den Ament wieren d‘Infektiounen, déi uechter Europa festgestallt ginn, esou limitéiert, datt sech d‘Infektioun net iwwer d‘Länner ausbreet.
"C'est dans un setting particulier, ici en l'occurrence c'est dans une université avec un lien qui a été probablement montré dans la fréquentation d'une boîte de nuit qui est un endroit relativement clos avec beaucoup d'échanges et de proximité entre les gens."
Epidemie an England schéngt ënner Kontroll ze sinn
Et ass awer wichteg dobäi ze soen, datt d’Bakterien, déi d’Méningite vum Typ B ausléisen, sech net esou séier iwwerdroen, wéi de Corona-Virus. Dat erkläert, firwat et nëmme seelen zu engem gréisseren Ausbroch kennt. D‘Epidemie an England schéngt och ënner Kontroll ze sinn.
"Ils n'ont absolument pas déclaré de nouveaux cas, donc la politique qu'ils ont mené pour contrôler l'épidémie semble avoir été efficace."
D’Ausbreedung vun der bakterieller Infektioun konnt a Groussbritannien wuel virun allem doduerch ausgebremst ginn, datt séier eng grouss Impfcampagne fir déi concernéiert Unisstudenten an d’Weeër geleet gouf.
Vaccin fir Erwuessener méiglech, awer net néideg
Obwuel et e Vaccin géint d’Méningite B fir Erwuessener gëtt, ginn a Groussbritannien nämlech just Puppelcher systematesch géint dës Krankheet geimpft. Hei am Land ass dat d’selwecht an d’Dokter Vergison gesäit och kee Grond, eppes dorun ze änneren.
"À l'heure actuelle, d'un point de vue rapport coût -bénéfice, c'est quelque chose qui n 'est probablement pas recommandé, pas sur un cluster qui survient comme ça en Angleterre, non."
Wie sech trotzdeem als Erwuessene géint d’Méningite B wëllt impfe loossen, kann dat awer maachen. De Vaccin muss an deem Fall vun engem Dokter verschriwwe ginn.