arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Philosophie als Impfung géint Schäiwëssen

Fräie Mikro

|
headphones

4 min

Philosophie als Impfung géint Schäiwëssen

Wann d’Maschinn schwätzt wéi e Mënsch, verwiessle mer séier Stil mat Wourecht. Rieds ass vun Texter, déi mat Kënschtlecher Intelligenz entstane sinn. De Philosoph Jean-Luc Thill hält a sengem Fräie Mikro ee Plädoyer fir d'Argumentéieren, d'Nohaken an déi ongemittlech Froekonscht.

headphones

4 min

Jean-Luc Thill | © Chris Zeien
Jean-Luc Thill (Foto: Chris Zeien)

De Goya huet et am 18. Joerhonnert gravéiert: De Schlof vun der Vernonft bréngt Monsteren ervir. Am KI-Zäitalter sinn déi „Monsteren“ net méi béis mee sinn éischter glat. Plausibel Aussoen ouni Fundament, iwwerzeegend Sätz ouni Beweis, Imitatioun déi wéi Verstoen ausgesäit. Si liwwert Äntwerten, déi no Wëssen ausgesinn – an dofir féiert KI zu enger Renaissance vun de Schied, vun enger däischterer Zäit. Net, well et ze wéineg Luucht gëtt, mee well d’Vernunft ze dacks schléift.

"Die Geister, die ich rief..."

Dem Goethe säin Zauberlehrling an de Frankenstein sinn Echoen dovun. „Die Geister, die ich rief…“. Mir ruffen eng Kraaft a wonneren eis, datt se net méi einfach fortgeet. A beim Mary Shelley ass d’Katastroph net d’Kreation selwer, mee de Moment, wou de Schëpfer sech duerno aus der Verantwortung zitt.

Mat KI geschitt eppes Änleches. Mir setze Systemer fräi, déi Texter, Urteeler a Meenunge produzéieren. An da loosse mir se am Raum stoen, wéi wann d’Wierkung neutral wier.

AI als Analog Intelligenz

Hei soll e klengt Wuertspill hëllefen. AI kann een als analog Intelligenz liesen, KI als kënschtlech Intelligenz. Analog – dat ass mënschlech a verkierpert Erfarung, Kontext an Zweifel, „Ech si mer net sécher“. Kënschtlech – dat sinn simuléiert Musteren, Wahrscheinlechkeeten an Imitatiounen. 

De Problem entsteet, wa KI sech wéi AI verhällt: wann d’Simulatioun de Status vu Verstoen kritt, a mir d’Iwerflächlechkeet mat Substanz verwiesselen.

Dofir ass Philosophie am KI-Zäitalter net Luxus, mee eng Noutwennegkeet, eng Aart Impfung géint Schäiwëssen. Net „Philosophie“ als System, mee als Praxis. De Sokrates mat senger ongemittlecher Froekonscht.

Hien huet net „Wourecht produzéiert“, hien huet se erausgelackelt – wéi eng Hiewamm. 

Genee dat brauche mir haut. Leit, déi net direkt zefridde si mat enger schéiner Äntwert, mee froen: Wat mengs de genee? Wat setzt dat viraus? Wéi bass de dohin komm? Wat géif dogéint schwätzen?

Eng däischter Zäit

KI ass staark am Formuléiere, mee schwaach am Rechenschaft ofleeën, an der Legitimation. Si kann en Argument nobauen, ouni et wierklech ze droen. Si kann iwwerzeegend kléngen, och wa se halluzinéiert. 

Déi däischter Zäit heescht dann: mir gesinn eng perfekt Ried an iwwersinn, datt d’Begrëffer rutschen, d’Prämissen net gepréift sinn, d’Konklusioun méi rethoresche Stil ass wéi eng logesch Noutwendegkeet.

Philosophie trainéiert dofir déi wichtegst KI-Kompetenz. Konscht vum richetege Froen stellen. Net Prompting als Trick, mee Froen als Haltung. An der Klass, am Büro, am Café-Philo. Mir léieren nees, mat Géigefroen ze schaffen, mat Objektiounen, mat Präzisioun. Mir maachen aus enger éischter Äntwert eng zweet, aus der zweeter eng besser. Net duerch blann Vertrauen, mee duerch kritesch Iteratioun.

D'Renaissance vum Denken

Vläicht ass dat déi eigentlech Renaissance. Net d’Renaissance vun der Maschinn, mee d’Renaissance vum Denken. An do soll AI – analog Intelligenz – d’Luucht bleiwen, déi d’KI am Kant sengem Sënn kritesch préift.

Wann eng KI e perfekte Paragraph schreift, ass déi wichtegst Reaktioun net „Wow“, mee: Op wéi enger Prämiss steet dat? Wou sinn d’Quellen? Gëtt et e Géigebeispill? 

Do ass analog Intelligenz an hierem Element. D’Fäegkeet, eng glat Äntwert op d’Prouf ze stellen. Soss sëtze mir an enger neier Hiel. Vill schéi Schieter op der Mauer — an de Schlof vun der Vernunft an der Fotell.

D’Renaissance, déi mir wierklech brauchen, ass dofir eng aner. D’Renaissance vum Froen, vum Definéieren, vum Argumentéieren. KI kann eis vill ginn, mee nëmmen, wann mir d’Vernunft waakreg halen.

Kuerz: D’Philosophie ass weder Dekoratioun, nach Zousaz. Si ass eng Noutwendegkeet, si ass d’Luucht am Kapp an de Kompass am Alldag. Op mannst ee vu villen.

Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de Radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum Radio 100,7.