Ënner dem Slogan “Mënschlech viru Kënschtlech” gouf den Enseignanten aus dem Land vum Éducatiounsministère d’Konzept KI-Kompass virgestallt. Dee Kompass soll eng Richtlinn ginn, wéi Enseignanten an der Schoul mat KI sollen ëmgoen.
Keng KI hätt een eegene Wëllen
An deem Kader huet den Dr. Henning Beck an engem Virtrag d‘Ënnerscheeder tëschent der KI an dem mënschleche Gehir duergeluegt an ass dono am 100,7-Interview op dat Thema agaangen. Senger Meenung no ass de Mënsch der kënschtlecher Intelligenz viraus wat d’Verstoe vu Konzepter ugeet.
Wat sou besonnesch um mënschlechen Denken wier, ass datt de Mënsch un eenzelne Beispiller verstoe kann, wei Saache funktionéieren, a firwat et déi ginn. Virun allem dëst zilorientéiert Denken, mat Intentioun a Wëllen kann eng KI net, esou den Dr Henning Beck.
"Also keine KI hat einen Willen, hat auch keine Absicht. Sie kann so tun, als würde sie eine Absicht verstehen, aber das echte Nachvollziehen und Verstehen eines Ziels und dann entsprechend auch zu handeln, Konzepte zu erzeugen. Das machen Menschen."
An trotzdeem wäert d'KI de Mënsch a verschiddene Beräicher ersetzen, an et wier och schlëmm wann et net esou wier.
"KI ze ignoréieren wir fahrlässeg"
Dofir wier et och immens wichteg beim Schaffe mat enger KI, ëmmer kritesch ze hannerfroen an net alles oniwwerluecht ze iwwerhuelen wat eng KI engem ausspäizt. Dat misste sech dann och Enseignanten bewosst sinn, wa KI an der Schoul agesat gëtt. KI dofir awer ze ignoréieren wier fahrlässeg.
Ween net mat KI schafft, géif e grousse Präis dofir bezuelen. Et géif ee sech ëmmer froen, wat d'Gefore wieren, wann ee KI asetzt. Da misst ee sech och d'Fro stellen, wat géif gescheien, wa KI net géif agesat ginn, seet den Dr. Henning Beck.
"Welche Ideen werden wir nicht entwickeln, weil wir die Menschen nicht mit KI ausgebildet haben? Was entgeht uns alles an Geschäftsmodellen oder an Zukunft, weil wir Angst vor dieser Technik hatten? Und es sollte unsere Aufgabe sein, gerade jungen Menschen, die Fähigkeiten zu vermitteln, diese Technik sinnvoll einzusetzen?"
Där Meenung wier och den DP-Educatiounsminister Claude Meisch, deen a senger Ried op der Konferenz sot, datt KI eng Realitéit am Alldag wier an dofir och an der Schoul.
KI dierft dofir och net d’Bildung ersetzen.
De Mënsch misst am Endeffekt ëmmer am Vierdergrond stoen, esou nach den Educatiounsminister. Am Oktober zejoert hat iwwerdeems d'Enseignantsgewerkschaft SEW sech skeptesch zu dem KI-Kompass geäussert.