D'Uni wëllt obligatoresch Workshoppen aféieren, fir all d'Studenten an d'Studentinnen, déi dësen Hierscht nei ufänken. An engem dovunner soll et ëm den Ëmgank mat Kënschtlecher Intelligenz goen. Och Kënschtlech Intelligenz misst zum Beispill a wëssenschaftlechen Aarbechte richteg referenzéiert ginn, erkläert de Philippe Hiligsmann.
De Studenten hire wichtegsten Tool wier nach ëmmer hiert Gehier, betount de Vizerekter vun der Uni.lu.
Fir d'Studente gëtt mat Kënschtlecher Intelligenz zum Beispill och d'Verfaasse vu wëssenschaftlechen Aarbechten méi einfach. D'Unie musse sech also nei Methoden iwwerleeën fir d'Studenten a Studentinnen ze préiwen. Zum Beispill misst ee rëm méi mëndlech Prüfunge maache, erkläert de Philippe Hiligsmann. Dat gëtt bei enger grousser Mass u Studente awer schwéier, gëtt hien zou.
"Et d'ailleurs, bon, il y a des formations qui sont prévues pour les étudiants. Je projette aussi avec mes équipes de pouvoir mettre en place, de manière un peu plus systématique, des formations aussi pour les enseignants, pour pouvoir, pour leur permettre justement de bien appréhender les difficultés qui peuvent être rencontrées avec l'utilisation de l'IA."
Et misst een d'Notze vu KI entdramatiséieren, fënnt de Philippe Hiligsmann.