arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Referendum: Schwäizer wëllen net manner fir d'ëffentlech-rechtlech Medie bezuelen

Schwäiz

|
headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

Referendum: Schwäizer wëllen net manner fir d'ëffentlech-rechtlech Medie bezuelen

Mat 62 Prozent huet sech d'Majoritéit vun de Schwäizer:innen dogéint ausgeschwat, d'ëffentlech-rechtlech Rundfunkgebühr vun 335 op 200 Schwäizer Frang erofzesetzen. Déi Schwäizer rietskonservativ Vollekspartei, déi jonk Liberal an de Gewerbeverband wollten d‘Rundfunkgebühr reduzéieren.

headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow
© EPA/LAURENT GILLIERON
(Foto: EPA/LAURENT GILLIERON)

Wann de Referendum an der Schwäiz positiv ausgaange wier, da wier d'Aarbecht vun der Schwäizer Radio- an Tëleesgesellschaft däitlech beanträchtegt ginn, well dat hätt Kierzunge vu 650 Millioune Schwäizer Frang bedeit, huet am 100,7-Interview d'Larissa Bieler aus der SRG-Direktioun betount. 

Ënnerschiddlech Kulturen a Sproochen an engem klenge Land 

Domat wier d'Berichterstattung an de véier Landessproochen an der Schwäiz a Gefor gewiescht, esou d'Larissa Bieler. 

"Wir sind eine sehr föderale Struktur, ein kleines Land, mehrsprachig mit vier Sprachen, sehr unterschiedlichen Kulturen. Das braucht Zusammenhalt und das möchten die Menschen weiterhin. Ein gleichwertiges Angebot in allen Sprachredaktionen."

D'SRG wier dat eenzegt Medienhaus, dat an alle Sprooche bericht, esou d'Larissa Bieler. 

"Die Menschen haben sich deutlich auch für ein Medienhaus eingesetzt. Beispielweise, weil sie weiterhin Sport frei empfangen möchten und nicht hinter Bezahlschranken. Sie wollen auch eine SRG, die dort präsent ist, in den Regionen, wo die Menschen heute sind." 

A kengem eenzege Kanton wier am Referendum majoritär fir déi radikal Kierzunge gestëmmt ginn, esou d'Larissa Bieler. 

Trotzdeem si Kierzunge virgesinn, huet si weider erkläert. Bis 2029 soll d'SRG 270 Millioune schwäizer Frang spueren. Et wier ee mat entspriechenden Upassungen amgaangen. 

Lauschtert hei dee ganzen Interview mat der Larissa Bieler vun der SRG

play_arrow Lauschteren