Och Schweden huet d‘Enquête scho clôturéiert, well d‘Affär net an hirem Ressort wier. Elo ass nach just Däitschland, dat nach weider ermëttelt.
Am September 2022 goufen et véier riseg Gas-Fuitten un der Pipeline, déi Gas aus Russland duerch d‘Ostsee an Däitschland liwwert. Do virdru waren et Explosiounen ënnert dem Mier ginn. Dänemark, Schweden an Däitschland hu bei der Enquête zesummegeschafft.