Radioen

On air

De Weekend  |  Astrid Lindgren: Pippi Langstrumpf an aner Geschichten

play_arrow Live
search

/ Nom Fligerongléck: Autoritéite leeden eng Enquête an

Japan - Tokio

Nom Fligerongléck: Autoritéite leeden eng Enquête an

Een Dag nom schroe Fligerongléck um japanesche Fluchhafen Haneda leeft d‘Enquête vun den Autoritéiten. Eng A350 vu Japan Airlines war no der Landung mat enger méi klenger Maschinn vun der japanescher Küstewuecht kollidéiert.

auto_stories

1 min

An där Maschinn si fënnef leit ëm d‘Liewe komm, sämtlech Passagéier vum Airbus konnten evakuéiert ginn, éier d‘Maschinn ausgebrannt ass.

Airbus huet seng Ënnerstëtzung bei der Enquête ugekënnegt. De Flughafen Haneda zu Tokyo hat missen e puer Stonne laang zou gemaach ginn.