Radioen

On air

Notturno  |  Nilüfer Yanya - Call It Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nom Doud vun iwwer 110 Mënschen zu Gaza: Paräis a Berlin fuerderen eng onofhängeg Enquête

Gaza

Nom Doud vun iwwer 110 Mënschen zu Gaza: Paräis a Berlin fuerderen eng onofhängeg Enquête

Paräis a Berlin fuerderen eng onofhängeg Enquête iwwert den Doud vu méi wéi 110 Mënschen an der Gazasträif gëschter, déi wärend der Distributioun vun Hëllefsgidder gestuerwe sinn. De franséischen Ausseminister Stéphane Séjourné huet op France Inter däitlech gemaach, datt et Explikatioune musse ginn.

auto_stories

1 min

Stéphane Séjourné | © picture alliance / Pacific Press | Lev Radin
Stéphane Séjourné (Foto: picture alliance / Pacific Press | Lev Radin)

Frankräich géif kloer d‘Hamas als Terrororganisatioun astufen, mee grad esou kloer géif d‘Land sech zu den Atrocitéiten an der Gazasträif äusseren.

Bei der Verdeelung gëschter war et zu Gedrécks komm. Der palestinensescher Hamas no hätten israeelesch Zaldoten och op d‘Leit geschoss. Eng Behaaptung déi Israel dementéiert. International gouf den Tëschefall schaarf kritiséiert.