Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Noen Osten: Oppositioun kritiséiert "Wischi-Waschi-Positioun" vun der Regierung

Lëtzebuerger Aussepolitik

Noen Osten: Oppositioun kritiséiert "Wischi-Waschi-Positioun" vun der Regierung

D’Chamberoppositioun steet der No-Ost-Politik vum Ausseminister weider gréisstendeels kritesch géintiwwer. Dat huet sech de Moien nees an enger Sëtzung vun der aussepolitescher Chamberkommissioun gewisen.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Xavier Bettel | © SIP / MAE play_arrow
Foto: MAE / SIP

De Xavier Bettel huet den Deputéierten an der Chamber Informatioune ginn iwwer seng Rees vu leschter Woch an d’Kriseregioun. D’Oppositioun sot sech dono awer net zefridden domat.

Franz Fayot: Den Ausseminister als 'aimable compositeur'?

Sou huet de Franz Fayot zum Beispill vun enger “Wischi-Waschi-Positioun vun der Regierung” geschwat.

“Et huet een d’Impressioun, datt den Ausseminister sech do e bësse sou als 'aimable compositeur' gesäit tëscht der Autorité palestinienne an der israelescher Regierung. Natierlech mat null Effekt.”

Et géif kee Wëlle gi vu klorer Sprooch vis-à-vis vun Israel an ofgewaart a gekuckt ginn, wat aner Länner maachen, huet den LSAP-Deputéierte bedauert.

Wann een a Saachen Unerkenne vu Palästina elo mat Panama a Singapur schwätze wéilt, da wier dat net den neie Moment. Sou eng Unerkennung wier och keng Symbolik, mee e staarken Akt.

déi gréng: Xavier Bettel bedreiwt Symbolpolitik

D’Sam Tanson huet betount, et hätt een erëm keng ganz kloer Aussoe vum Ausseminister kritt. Et wier erstaunlech, datt de Xavier Bettel deene Länner, déi Palästina unerkennen, Symbolpolitik virgeheien. hie selwer awer vill Symbolpolitik bedreiwe géif.

“... well mir guer net richteg gesinn, wou ee wëll hikommen. Jorelaang si mir gewinnt gewiescht, zu Lëtzebuerg eng ganz kloer Aussepolitik ze hunn. Déi feelt eis am Moment. Dat heescht, mir hunn do e bëssen eng Persoun, déi op alle Fronte wëll e bësse present sinn, wou een awer net richteg gesäit, ob wat dat Ganzt soll erauslafen.”

Déi gréng géifen dat bedaueren a sech eng ganz kloer Positioun vis-à-vis vun de Responsaablen an Israel erwaarden.

déi Lénk: Unerkennung keng Wonnerléisung

Fir den David Wagner vun déi Lénk wier en Unerkenne vu Palästina wuel net d’Wonnerléisung, allerdéngs géif sech d’Geschicht net schreiwen, wann een op Panama a Singapur waarde géif. Et géif kee Sënn maachen, fir ze waarden, well sou eng Unerkennung net symbolesch, mee ee vun de wichtegsten Akten am internationale Recht wier.

“Wann dat sou symbolesch wier, da kéinte mir jo och soen: 'Kommt, mir Lëtzebuerger, mir kënne jo och dorop verzichten, datt mir en unerkannte Staat sinn, vue datt dat jo näischt ännert.' Dat wéilte mir jo net.”

ADR favoriséiert eng Zwee-Staate-Léisung

D’ADR dann ass fir eng Zwee-Staten-Léisung, déi awer misst vun Israel a Palästina kommen. Et géif kee Sënn maachen, dat vun anerer Säit ze forcéieren, sou den Tom Weidig. Deem seng Partei de Moment och net fir en Unerkenne vu Palästina ass.

“Dat bréngt just éischter eng eskaléierend Wierkung, wéi elo eng deeskaléierend Wierkung. Mir brauchen éischter Deeskalatioun am Moment, wéi ze probéieren, Drock ze maachen.”

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Noen Osten
Politik