Déi international Communautéit misst sech fir een direkte Waffestëllstand asetzen. De Minister huet sech fir eng Zwee-Staate-Léisung ausgeschwat, fir den Däiwelskrees vum israeelesch-palestinensesche Konflikt ze duerchbriechen. Hien huet sech och favorabel gewise fir e palestinensesche Bäitrëtt zu de Vereenten Natiounen.
China hat bis ewell probéiert eng neutral Positioun am Konflikt anzehuelen. D‘Dote vun der Terrororganisatioun Hamas huet Peking bis ewell awer net verurteelt.