search

/ No engem mouvementéierte Joer hätt sech d'Situatioun bei de Pirate stabiliséiert

Piratepartei

|
headphones

1 min

headphones

14 min

play_arrow

No engem mouvementéierte Joer hätt sech d'Situatioun bei de Pirate stabiliséiert

Den Deputéiert vun de Piraten, de Sven Clement, ass der Meenung, d'Situatioun bei de Piraten hätt sech stabiliséiert. Wéinst der sougenannter MALT Affär hat ënner anerem de Ben Polidori d‘Pirate verlooss an ass bei d‘LSAP gewiesselt.

headphones

1 min

headphones

14 min

play_arrow

Wéi vill Memberen d‘Piraten duerch dës Affär verluer hunn, konnt de Sven Clement net soen. Hie géif och den Ament net wësse, wéi vill Memberen d‘Piratepartei hätt, esou de Sven Clement.

D'Vertraue muss nees hirgestallt ginn

D‘Piratepartei hätt u Vertraue verluer, huet de Sven Clement zouginn. Mee dat géif lues a lues nees opgebaut ginn.

Dofir misst een awer och d‘Resultat vun der Enquête iwwer d‘MALT-Affär vum europäesche Parquet ofwaarden, esou de Sven Clement. Wärend der Zäit missten d'Piraten hir Aarbecht weidermaachen. 

"Dofir ze schaffen, dat Vertrauen erëm opzebauen an dann och, wann déi Enquête esou ausgeet, wéi ech mer et zumindest erwaarden, da mengen ech ass dat Vertrauen, wat mer an där Zäit erëm opgebaut hunn, och berechteg. An da weise mer och duerch net nëmme gutt Aarbecht, mee och doduerch datt herno vill manner un där Affär dru war, wéi zum Deel do spekuléiert gouf oder vun de politesche Géigner opgebauscht gouf, iwwerhaapt iwwreg bliwwen ass."

De Sven Clement ass sech iwwrtdeems realtiv secher, datt um penale Plang net vill vun der MALT-Affär wä£ert hänkebleiwen. 

play_arrow Lauschteren