arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ben Streff hält als Parteimanager an als Bezierkspresident op

LSAP

|
headphones

1 min

Ben Streff hält als Parteimanager an als Bezierkspresident op

Bei der LSAP gëtt de Ben Streff seng Posten als Parteimanager an als President vum Bezierk Osten op. Dat huet d'Tageblatt gëschter Owend gemellt.

headphones

1 min

Als Grond fir säi Réckzuch nennt hien een Desintressi vun der LSAP-Fraktioun un der Aarbecht vun der Partei, esou d‘Tageblatt um Mëttwoch.

D‘Zeitung hat am Summer scho geschriwwen, et géife Spannungen an der LSAP-Partei a -Fraktioun ginn, wéinst Sträit iwwer déi politesch Ausriichtung, a Kriticke vu Parteimemberen un der Féierungslinn vun der LSAP-Fraktiouns-Presidentin Taina Bofferding. Bannent e puer Méint hätt d‘LSAP d’lescht Joer e puer Fraktiouns-Mataarbechter verluer.

Tageblatt: Problemer och an der LSAP-Parteizentral

Mam Depart vum Ben Streff géif de Problem sech elo vun der Fraktioun op d‘Parteizentral ausbreeden, esou haut d‘Tageblatt.

Successeur vum Ben Streff als Parteimanager bei der LSAP soll de Mil Muller ginn.

Säi Mandat als Conseiller am Bäerdrefer Gemengerot wéilt de Ben Streff weidermaachen.