arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ADR mam Bléck op 2026: Géint de Stroum schwammen a konsequent bleiwen

Neijoerschreceptioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

ADR mam Bléck op 2026: Géint de Stroum schwammen a konsequent bleiwen

Um traditionellen Neijoerschpatt huet d’Parteipresidentin Alexandra Schoos hir politesch Schwéierpunkte fir 2026 gesat, nämlech d'Pensiounsreform, d'Educatioun, de Logement, d'Sécherheet, an d'Steierreform.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
ADR Neijoerschpatt | © Sophie Schroeder
ADR Neijoerschpatt (Foto: Sophie Schroeder)

Et misst een net am häertste bierelen, mee et wéilt een déi Zouverlässegst sinn an d’ADR wéilt, fir Verantwortung fir d’Land ze droen, net splécke mee verbannen, esou d’ADR-Parteipresidentin.

D’Alexandra Schoos huet an hirer Ried a Saache Pensiounen dann eng méi déifgräifend Reform gefuerdert.

“Mir wëllen eng Léisung, déi finanziell drobar ass, sozial gerecht, nohalteg a politesch éierlech ass. Wéi schonn 2025 wäert d'ADR hei mat Rou a Kompetenz schaffen. Eis Pensiounspolitik dierf net eise Wuesstemszwang verwalten, mee muss d'Zukunft vun eis an eiser Jugend ofsécheren.”

Kritik ënner anerem beim Theema Logement

Reformpabeier eleng hätten nach keng Wunnenge gebaut, d’ADR fuerdert Resultater a manner Bürokratie. An der Bildungspolitik huet sech d’Alexandra Schoos fir méi Integratioun a manner Belaaschtung ausgeschwat.

Den neie Projet ALPHA wier hei an hiren Aen "onverantwortlech". Beim Theema Sécherheet huet d’ADR-Parteipresidentin op ee Rechtsstaat, dee sech net selwer läme géif an op déi néideg Moyene fir d’Police gesat, dat awer ouni an een Iwwerwaachungsstaat ofzerëtschen.

Steierreform wëllt d'ADR net matdroen 

An der Steierreform da gesäit d’ADR ee Familljemodell deen imposéiert, datt béid Elterendeeler schaffe ginn. Dat kéint een net matdroen, esou d’Alexandra Schoos.

“Dës Steierreform ass eng familljepolitesch Gesellschaftsreform. Als ADR kënne mir net e Gesellschaftsmodell ënnerstëtzen, wou Eltere gezwongen oder encouragéiert sinn, hir Kanner an eng Struktur ofzeginn, fir schaffen ze goen, well si soss net iwwer d'Ronne kommen.”

D’ADR wéilt weider eng "Partei matten an der Bevëlkerung" bleiwen, huet d’Presidentin Alexandra Schoos nach versprach.

play_arrow Lauschteren