arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Virwërf: DP-Kulturminister Eric Thill stellt sech hanner d'Direktioun vum CNA

National

|
headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow

No Virwërf: DP-Kulturminister Eric Thill stellt sech hanner d'Direktioun vum CNA

Virun allem géife Virwërf vun engem toxesche Klima an engem internen Dysfonctionement am Raum stoen. De fréiere Centre de l'audiovisuel Mataarbechter Joy Hoffmann hat den CNA am Tageblatt kritiséiert. Och d'Zeitung Lëtzebuerger Land hat vun änleche Problemer geschriwwen.

headphones

1 min

headphones

7 min

play_arrow
Centre national de l'audiovisuel | © CNA
Centre national de l'audiovisuel (Foto: CNA)

Den DP-Kulturminister Eric Thill géif dës Virwërf zwar ganz eescht huelen, mee d'Reprochë vun deene lescht Woch am Lieserbréif rieds war, wiere just eng Meenung. Hie géif déi Virwërf dofir zeréckweisen, wéi hien am 100,7-Interview erkläert huet.

Moderniséierungsprozess ass "noutwenneg"

Den CNA wier an engem Moderniséierungsprozess an et wier normal, datt da géife Spannungen entstoen. Fir den DP-Kulturminister Eric Thill wier dee Prozess absolut noutwenneg.

"Fakt ass och, dass mir Haaptmissiounen hunn an engem CNA, an do ass et natierlech besser, wann Archiven an déi Ausstellunge kënnen opbleiwen, dem Public kënne gewise ginn. Fakt ass awer och, dass mir amgaange sinn, eng déifgräifend Analys ze maachen, Reformen ze maachen, wou zemools och d'Archiven iwwer en neien digitale System wäerte lafen."

Dat wiere grouss Transformatiounsprozesser, déi Zäit géinge kaschten. Fir de Kulturminister wier et wichteg, datt een déi Challenge mat der Wuerzel géif ugoen a net erëm géif ufänke mat flécken. Et misst een den CNA prett maache fir d’Zukunft, esou den Eric Thill am 100,7-Interview.

Lauschtert hei de ganzen Interview mam Kulturminister Eric Thill

play_arrow Lauschteren