Zu Essen huet d‘Police 7.000 Demonstrante gemellt, zu Leipzig 5.000 an zu Rostock 2.500. Ulass fir d‘Protester war d‘Participatioun vun AfD Beamten a Membere bei engem Treffe vu Riets-Radikalen zejoert zu Potsdam. Bei dësem Treffe soll de Plang fir eng "Remigratioun" vun Auslänner den Haaptsujet gewiescht sinn.
An deem Zesummenhang huet d‘AfD Parteicheffin Alice Weidel hire perséinleche Referent Roland Hartwig elo entlooss, dat well hie bei deem geheimen Treffen derbäi war.