Am Mäerz zejoert war de Fussballnationalspiller zu 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire verurteelt ginn. D'Oplo bestoung am Indemniséiere vun den Affer. D’Geldstrof fir de Profi, deen haut fir säi Prozess op Lëtzebuerg komm war, soll awer vu 1.500 op 2.000 Euro gehéicht ginn.
Wéinst Coups et blessures volontaires an 3 Fäll, tëscht Mäerz 2019 an November 2022, a wéinst Beleidegung vu Polizisten, hat de Gerson Rodrigues de Prozess gemaach kritt. Ënner anerem soll de Stiermer seng Ex-Frëndin geschloen hunn.
D’Appellsurteel gëtt den 30. Abrëll gesprach.