Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ No Messerattack zu Solingen: Presuméierten Täter huet sech gestallt

Däitschland

No Messerattack zu Solingen: Presuméierten Täter huet sech gestallt

No der Messerattack de Freideg den Owend zu Solingen mellt d’Police, datt dee Verdächtegen no deem gesicht gi war, sech selwer der Police gestallt huet. Der Bundespolizei no hätt dee 26 Joer ale presuméierten Täter zougi fir d‘Attack responsabel ze sinn.

auto_stories

1 min

Solingen no der Messerattack | © picture alliance/dpa | Thomas Banneyer
Foto: picture alliance/dpa | Thomas Banneyer

Dem Spiegel no géif et sech ëm ee 26 Joer ale Syrer handelen, deen 2022 an Däitschland ukomm ass an zu Bielefeld eng Asyldemande agereecht hat. De Sécherheetsautoritéiten no war hie bis elo net als islamisteschen Extremist bekannt. D’Bundesanwaltschaft huet d’Enquête elo iwwerholl.

D’Terrormiliz Islamesche Staat huet d‘Messerattack fir sech revendiquéiert. An enger Matdeelung erkläert d‘Terrorormiliz, d‘Attack wier géint ee Grupp vu Chrëschte geriicht gewiescht an eng Reaktioun op d’Situatioun vu Moslemen a Palästina. Ob déi Matdeelung effektiv stëmmt, kéint fir den Ament net iwwerpréift ginn, preziséiert d’DPA.

Aus Kreeser vun der Enquête gouf drop higewisen, datt d’Terrormiliz schonn dacks esou Attacke revendiquéiert huet, obwuel et keng wierklech Zesummenaarbecht tëscht den Täter an der Miliz gouf.

Weider gouf am Fall vu Solingen ee 15 Joer ale Jonke festgeholl.