Leschten Donneschdeg gouf den 23 Joer jonke Quentin Deranqze vu 6 Persounen zesummegeschloen, wéi et am Kader vun enger Konferenz op der Uni zu Lyon zu enger gewaltsamer Konfrontatioun tëschent rietsextreme Gruppen an antifaschistesche Gruppe koum.
Enquête wéinst homicide volontaire
Um Samschdeg ass de Quentin Deranque u sengen uerge Kappverletzungen gestuerwen, huet de Procureur vu Lyon um Méindeg am Nomëtteg matgedeelt. Et leeft eng Enquête wéinst homicide volontaire, bis ewell wier awer nach keng Persoun verhaft ginn, sou de Procureur. Et géing een elo mat Héichdrock doru schaffen, déi schëlleg Persounen ze identifizéieren.
Am Politikbetrib huet een schonn ee Schëllege ausgemaach, nämlech d’Lénkspartei LFI. D’Regierungsspriecherin Maude Bregeon huet de Moien op BFMTV kloer Wierder fonnt: LFI wier schold um Klima vun der Gewalt.
LFI-Grënner wiert sech géint Uschëllegungen
Um Méindegmoien huet d’Presidentin vun der Assemblée nationale och annoncéiert, datt en Assistent vum LFI-Deputéierte Raphaël Arnault géing vum Parlament suspendéiert ginn, well hie wuel an d’Konfrontatioun zu Lyon verwéckelt war. Scho virun e puer Wochen hat den Inneminister Laurent Nunez LFI als lénksextrem agestuuft. Och de President Emmanuel Macron huet dës Meenung gedeelt.
Den LFI-Grënner Jean-Luc Mélenchon wiert sech géint esou Accusatiounen an huet Matgefill fir dem Quentin seng Hannerbliwwen ausgedréckt. Seng Partei wier net nëmme kloer géint Gewalt, mee souguer dacks Affer vun dëser, sou de Mélenchon. An der Nuecht waren eng 10 Büroe vun LFI-Deputéierten attackéiert ginn.