D'Wiederservicer hu moies (lokal Zäit) eng Tsunamiwarnungen annuléiert, déi den Dag virdru fir déi ganz Westküst vu Japan ausgestallt goufen. Et gouf héije Materialschued. Ronn 100.000 Leit goufen opgefuerdert, sech wärend de Neijoerschfeieren a Sécherheet ze bréngen.
Vill Haiser goufe beim Biewe mat enger Stäerkt vu 7,6 zerstéiert, Stroosse goufen opgerappt oder duerch Äerdrutsche blockéiert. An der Regioun Ishikawa, am Epizenter vum Biewen, sinn och Honnerte Gebaier ofgebrannt. Fir d‘ganz Woch huet den nationale Wiederdéngscht nach viru weideren Nobiewe gewarnt.