D‘Arméi huet och confirméiert, datt eng vun hiren Drone fälschlecherweis Awunner wärend enger moslemescher Feier getraff huet. De President Bola Ahmed Tinubu huet eng Enquête gefuerdert.
Déi nigerianesch Arméi mécht dacks Gebrauch vu Kampfdrone fir am Nord-Westen a Nord-Oste vum Land géint dschihadistesch Milize virzegoen, déi do zanter 14 Joer am Konflikt mat der Regierung sinn.