D‘Oppositioun huet net däerfe mat maachen. Et ware just Kandidaten zougelooss, déi der Regierung zu Peking trei sinn. Bei de leschte Walen, 2019, waren nach 70 Prozenz un de Walberechtegte wiele gaangen.
No de groussen anti-China Protester hat déi pro-demokratesch Beweegung deemools d‘Wale kloer gewonnen. Duerno huet China e repressiivt Sécherheetsgesetz an eng Walreform imposéiert. D‘Oppositioun gouf verfollegt an aus dem politesche Prozess ausgeschloss.