Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nicaragua verklot Däitschland virum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag

Reproche wéinst Bäihëllef zum Vëlkermord

Nicaragua verklot Däitschland virum Internationale Geriichtshaff zu Den Haag

Um Internationale Geriichtshaff zu Den Haag sëtzt Däitschland haut op der Uklobänk. Dat nodeems Nicaragua Däitschland Bäihëllef fir e Vëlkermord an der Gazasträif an e Verstouss géint d’Vëlkermord-Konventioun virgehäit.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Shotshop | Dmitry Rukhlenko
Foto: picture alliance / Shotshop | Dmitry Rukhlenko

Duerch déi politesch, finanziell a militäresch Ënnerstëtzung vun Israel géif Däitschland de Genozid u Palästinenser erméiglechen, sou de Reproche vun Nicaragua.

Nicaragua fuerdert, datt d’Geriicht séier eng Decisioun hëlt fir en Enn vun de Waffeliwwerungen. Zil ass et, datt Däitschland direkt op d‘mannst déi militäresch Hëllefen un Israel ënnerbënnt.

20 Milliounen Euro fir Krichswaffenexporter

Weider fuerdert Nicaragua, datt Däitschland déi finanziell Ënnerstëtzung vum UN-Hëllefswierk UNRWA nees ophëlt. Uganks dës Joers hat Israel dem palästinenseschen Hëllefswierk virgehäit, um Ugrëff de 7. Oktober bedeelegt gewiescht ze sinn. Op deem sou ass gëtt aktuell nach ënnersicht.

Verschidde Länner, dorënner Spuenien, hunn der Organisatioun weiderhi Gelder zougesot – dat wéinst der dramatescher humanitärer Noutsituatioun an der Gazasträif. Däitschland net: d’Bundesregierung hat d’lescht Joer 326.5 Milliounen Euro fir Rëschstungsexporter geneemegt; dorënner iwwer 20 Milliounen Euro fir Krichswaffen.

Fro vu Vëlkermord nach ongekläert

Leschte Freideg hat den UN-Mënscherechtsrot an enger Resolutioun verlaangt, d’Waffeliwwerungen un Israel ze stoppen, wéinst der Gefor vun engem Vëlkermord.

D’Fro vum Vëlkermord, also op Israel amgaangen ass e Genozid un der palästinensescher Bevëlkerung duerchzeféieren, ass nach net gekläert. Déi international Kritik um israeeleschen Handele gëtt awer ëmmer méi haart.

Et ass net déi éischte Kéier, datt den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag sech mam Krich an der Gazasträif beschäftegt. Enn lescht Joer hat Südafrika eng Klo géint Israel agereecht, mam Reproche vum Vëlkermord. Israel hat deemools drop reagéiert: Wéinst dem Terrorugrëff vun der Hamas de 7. Oktober zejoert géif et sech ëm Selbstverdeedegung handelen.

Unhéierungen haut a muer

D’Klo vu Südafrika leeft nach: An enger éischter Entscheedung huet den Internationale Geriichtshaff Israel derzou verflicht, humanitär Hëllef fir d’Palästinenser ze erméiglechen.

Datt Nicaragua mat hirer Klo virum internationale Geriichtshaff duerchkënnt, gëtt vun Experten ugezweiwelt, soulaang d’Fro vum Genozid net gekläert ass. Haut a muer ginn d’Unhéierungen zu Den Haag duerchgefouert.

Lauschterenplay_arrow