Radioen

On air

Notturno  |  Mount Stealth - Arkmauser

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net ouni Konsequenzen: Een naasst Fréijoer läit hannert eis

ASTA-Bilan

Net ouni Konsequenzen: Een naasst Fréijoer läit hannert eis

Den Iwwerschoss u Reen, deen et an de leschten dräi Méint gouf, huet een Afloss op d'Landwirtschaft. Wéi vill méi et gereent huet wéi soss, a wou et am naasste ginn ass, dat huet de Meteoservice ASTA vum Landwirtschaftsministère matgedeelt.  

auto_stories

2 min

headphones

1 min

Feld naass | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Dëst Fréijoer war dann och dat Drëtt-naasst zanter 1854. An de Méint Mäerz, Abrëll a Mee goufen et am ganzen 43 Deeg mat Reen. Dat sinn der 14 méi wéi den Normalwäert an der Referenzperiod 1990-2020.

De Cumul vun den Néierschléi louch domat 69 Prozent iwwert der Moyenne.

Am meeschte Reen gouf et zu Réimech

D’Duerchschnëttstemperatur louch dëst Fréijoer bei 10,5 Grad an domat 1,2 Grad iwwer dem Normalwäert vun der Referenzperiod. De 17. Mee war deen Dag mat dem meeschte Reen. Dat mat engem duerchschnëttleche Reeniwwerschoss vu plus 45 Millimeter.

Op ville Plazen hat dat zu Iwwerschwemmunge gefouert. De Reeniwwerschoss variéiert awer jee no Regioun, erkläert d’Dana Lang, Chargée d’études beim Service Météo vun der ASTA.

“Do wou et prozentual am meeschte gereent huet, dat war zu Réimech. Do waren et 94 Prozent. Dat heescht wierklech ee gutt Stéck méi. Dann Aasselbuer: Do waren et 90,8 Prozent. An da war awer och an der Stad méi Reen. Do waren et 76 Prozent."

Konsequenze fir d'Landwirtschaft

Dës Wiederkonditiounen hunn eng Rei landwirtschaftlech Kulture belaascht. Déi fiicht Konditioune favoriséieren d’Optriede vu Schädlingen a Pilzkrankheeten, déi fir vill Kulturen, virun allem fir de Geméisubau, ee Problem duerstellen.

Dobäi kënnt de Spéitfrascht, deen an enger Rei Regiounen Uebstkulturen a Wäibierger abîméiert huet.

Aktuell géif eng Evaluatioun vun den Degâte gemaach ginn. Mee och wann et fir ee komplette Bilan nach ze fréi wier, wier et elo schonn offensichtlech, datt et duerch de ville Reen ee Retard bei der Recolte gëtt, erkläert de Marc Weyland, Direkter vun der ASTA.

“Do konnt d’Buedembeaarbechtung net optimal wéinst der Fiichtegkeet gemaach ginn. D’Aussaat ass deels verspéit. Dat betrëfft souwuel d’Summerkären, wéi och d’Gromperen a Mais. An da kënnt nach dobäi: Et konnt ee verschidden Traitementer, verschidde Kulturmoossnaamen, einfach net maachen, oder zumindest net zum optimalen Zäitpunkt. Zum Beispill Onkrautbekämpfung.” 

D’Donnéeë stamen iwwerdeems vu 40 Wiederstatioune vun der ASTA uechter d’Land.

Lauschterenplay_arrow

Landwirtschaft
Ëmwelt