Radioen

On air

Vue sur mer  |  Phoenix - Tonight Feat. Ezra Koenig

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Net am legalen Delai an den RBE agedroen: 85 Entitéite goufe protokolléiert

Police judiciaire

Net am legalen Delai an den RBE agedroen: 85 Entitéite goufe protokolléiert

D‘Police judiciaire huet 85 Entitéite protokolléiert, well si sech net am legalen Delai an de Registre des bénéficiaires effectifs agedroen haten. Dat deelt d‘Police mat.

auto_stories

1 min

Hiren Eco-Fin-Departement hat tëscht Abrëll a Juli d‘ASBLen iwwerpréift, nodeems en d‘lescht Joer scho kontrolléiert hat op d‘Gesellschaften sech un d‘Dispositioune vum RBE gehalen haten.

Dem Parquet waren an deem Kontext och eng ganz Rei Dossieren zougedroe gi wéinst Irregularitéite bei den Aschreiwungen an den RBE. Déi Enquête wieren elo all ofgeschloss an d‘Resultater wieren un de Parquet weidergereecht ginn, präziséiert d‘Police.

Ee Verstouss géint d‘RBE-Gesetz ka mat enger Geldstrof vu bis zu 1,25 Milliounen Euro bestrooft ginn. Entitéiten, déi eng falsch Adress uginn, riskéieren och, liquidéiert ze ginn.