Radioen

On air

Notturno  |  Eddie Chacon - Above Below

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gefor vun enger Hongersnout trotz éischten Hëllefsgidder

Gazasträif

Gefor vun enger Hongersnout trotz éischten Hëllefsgidder

Déi éischt Hëllefsgidder wieren an der Gazasträif ukomm, deelt déi israeelesch Arméi mat. D’Hëllefsgidder wieren iwwer en neie Grenziwwergank, deen israeeleschen Aussoen no zanter en Donneschden a Betrib ass, an de staark zerstéierten Norde vun der Gazasträif geliwwert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

Wou genee sech de Grenziwwergank befënnt, wéi vill Camionen elo wierklech an den Norde vun der Gazasträif erakomm sinn, a mat wat se beluede waren, hunn déi israeelesch Autoritéiten iwwerdeems net matgedeelt.

Hëllefsorganisatiounen op der Plaz fuerdere scho laang, datt Israel méi Hëllefsgidder an d’Gazasträif eraléisst. D’Situatioun op der Plaz wier katastrophal an Honnertdausende Leit dréit den Hongerdoud.

D'Hongersnout ass reell

D’Hëllefswierk UNICEF huet nach de Moien op de soziale Medie kritiséiert, d’Liwwere vun Hëllefsgidder an der Gazasträif géif hinnen extreem schwéier gemaach ginn. En Dënschde wier ee vun hirem Convoie mat schaarfer Munitioun beschoss ginn. D’Mataarbechter wieren a Sécherheet, mee et kéint een déi dringend benéidegt Besoine vun de Kanner awer net decken, esou UNICEF nach.

Den europäesche Baussebeoptraagte Josep Borrell hat scho viru ronn engem Mount gesot, datt Dausenden Mënschen an der Gazasträif vun enger Hongersnout betraff wieren.

Wann 20 Prozent vun der Bevëlkerung an all drëtt Kand vun extreemem Mangel un Ernierung betraff sinn, herrscht offiziellen Indikatiounen no eng Hongersnout.

Och déi international Kritik un Israel gëtt ëmmer méi haart. Ënnert anerem déi US-amerikanesch Entwécklungsagence huet de Moien eng éischte Kéier vun enger Hongersnout an der Gazasträif geschwat.

Franséischen Ausseministère warnt viru Reesen an d'Gebitt

Engem leschte Bilan vun der Hamas no sinn an Tëscht iwwer 33.600 Mënschen zanter dem 7. Oktober an der Gazasträif ëm d‘Liewe komm. An de leschte 24 Stonne wieren deemno weider 89 Doudeger derbäi komm. Ronn 76.000 Persoune goufen am Krich tëscht Israel an der Hamas blesséiert.

De franséischen Ausseministère huet iwwerdeems virun der Gefor vun enger weiderer Eskalatioun vum Krich haut senge Bierger vun all Deplacement an den Iran, Israel, Libanon oder an déi palästinensesch Territoiren ofgeroden. E Mëttwoch hat den US-President Joe Biden gewarnt, datt den Iran mat enger Attack op Israel gedreet hätt. 

Lauschterenplay_arrow