Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Wierder, déi (relativ) rezent an den LOD opgeholl goufen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Neien EU-Migratiounspak huet gréng Luucht kritt

Europäesch Unioun

Neien EU-Migratiounspak huet gréng Luucht kritt

Den neien EU-Migratiounspak kann elo a Kraaft trieden. D‘EU-Länner hu sech am Kader vun engem EU-Conseil zu Bréissel endgülteg op eng Reform vum gemeinsamen europäeschen Asylrecht gëeenegt. D‘Confirmatioun duerch den EU-Ministerrot war de leschten néidege Schrëtt fir dës Reform.

auto_stories

1 min

Dëse Pak aus 10 Gesetzestexter gesäit eng däitlech Verschäerfung vun den Asyldemarche vir. Deemno kënne Refugiéen, deenen hir Demande refuséiert gouf, vun elo u méi séier un den EU-Baussegrenzen expulséiert ginn. Ausserdeem kënnen d'Memberstaate Migranten an Zukunft a sougenannte "sécher Drëttlänner" expulséieren, wou si dann eng Demande op Asyl maache mussen.

Dës Diskussioun iwwer een neit europäescht Asylrecht huet sech bal 10 Joer laang gezunn.