Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Bobbie Lovesong - Inner Sea

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Neie Kollektivvertrag bei lux-Airport ënnerschriwwen

OGBL an LCGB deele mat

Neie Kollektivvertrag bei lux-Airport ënnerschriwwen

En Dënschdeg gouf den neie Kollektivvertrag fir déi 360 Salariéeë vu lux-Airport ënnerschriwwen. Wéi den OGBL an LCGB matdeelen, wier ee sech no engem Joer Verhandlungen endlech mat der Direktioun vum Flughafen eens ginn.

auto_stories

1 min

lux-Airport | © Wikimedia Commons
Foto: Wikimedia Commons

Déi al Konventioun gëtt fir dëst Joer verlängert a gesäit d‘Ausschëdde vun enger Prime unique vun 2.200 Euro fir all Salarié vir. Den neie Kollektivvertrag trëtt op den 1. Januar d‘nächst Joer a Kraaft an huet eng Lafzäit vun 3 Joer.

Ënnert anerem ass doran d‘Aféierung vun enger neier Salairesgrille geplangt, mat méi héijen Ufanksgehälter an enger méi attraktiver Salairesprogressioun.