Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi gréng: Stater Mobilitéitsplang net u modern Zäit ugepasst

Mobilitéit

déi gréng: Stater Mobilitéitsplang net u modern Zäit ugepasst

Staark Kritik vun der grénger Oppositioun um néie Mobilitéitsplang vun der Stad Lëtzebuerg. Fir déi gréng wier den aktuelle Plang en Festhalen um Status quo an wier net un déi modern Zäit ugepasst.

auto_stories

2 min

headphones

1 min

François Bausch, Meris Šehović a François Benoy | © Michelle Barthel play_arrow
François Bausch, Meris Šehović a François Benoy (Foto: Michelle Barthel)

Haaptkritikpunkt vun déi gréng ass, datt d’Pläng fir eng Tramslinn iwwert d’Porte Neuve an de Boulevard Royal op Äis geluecht goufen.

Souwuel de Stater Schäfferot, wéi och DP-Mobilitéitsministesch, Yuriko Backes, soen datt déi Pläng keng Prioritéit bis 2035 hätten. Et wéilt een net, datt Autosspueren ewech falen.

D'Méiglechkeete fir déi Linn si bewisen

Fir de fréiere Mobilitéitsminister vun déi gréng, de François Bausch wier déi Extensioun vum Tram awer noutwenneg wann een net eng Taktverschlechterung wéilt a Kaf huelen.

Doriwwer eraus wier d’Méiglechkeet vun där Tramslinn an Etudë bewise ginn.

“Mir schaffe jo scho méi laang un deenen Iddien. Do gëtt et verschidde Varianten. Et kann een decidéieren, souguer nach mat eng Autosspuer erop an eng erof ze fueren. Natierlech muss een dem Auto awer Raum ewech huelen.“

Lauschterenplay_arrow

An enger zweeter Variant kéint een op der Porte Neuve ee Sens unique maachen, erkläert de François Bausch. Vum Zentrum aus kéint een nach mam Auto Richtung Kierchbierg oder Lampertsbierg fueren. An déi aner Richtung wier just fir d‘Busser.

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft