Sollt de Projet funktionéieren, wéilt een d'Gazasträif an Zukunft dann och iwwer den Norde beliwweren.
Israel steet ënner internationalem Drock fir eng humanitär Katastroph am Gaza ze verhënneren. D‘USA hunn ugefaangen, Hëllefsgidder per Fallschierm ofzewerfen.
Een amerikanesche Geheimdéngschtrapport suergt iwwerdeems fir vill Kritik vum israeelesche Regierungschef Benjamin Netanjahu: Am Rapport gëtt erwaart, datt de Netanjahu esou onpopulär wier, datt hien deemnächst géif ofgesat ginn an Neiwale fälleg wieren.
Den amerikanesche President Joe Biden misst sech dofir op eng oppe Konfrontatioun mam Netanjahu astellen. Den israeelesche Regierungschef huet déi Analys zeréckgewisen a gemengt, Israel wier keen amerikanescht Protektorat, mee en onofhängegt Land.