D’Hëllef soll bei d’Affer kommen an net ëmgedréint, sou d’ Ministesch Yuriko Backes.
"Dat ass eng Plaz, wou dann d'Victimmen net mussen op verschidde Plaze goen, fir Hëllef ze sichen, vun engem Dokter, vun Infirmièren, déi si kënne behandelen, direkt nodeems dat geschitt ass, wat mat hinne geschitt ass."
Dat géing et an anere Länner scho ginn, erkläert d'Yuriko Backes. Iwwer ee Pilotprojet soll dëst Ufank dës Joers dann op d'Bee gestallt ginn.
Et géing och net drëms goen, fir Saachen ze multiplizéieren oder ze duplizéieren, mee datt d'Acteuren zesummeschaffen an et den Affer méi einfach gemaach, hir schrecklech Geschicht net mussen nach eng Kéier ze erliewen, esou d'DP-Politkerin.
Méi Sue fir de Ministère de l'égalité
An enger idealer Welt bräicht een de Ministere fir Gläichstellung net, sou d’ Ministesch. Egal ob am Gesondheetssecteur, an der Kultur oder an der Arméi: Et géif ëmmer nach vill Inegalitéite ginn.
Am Projet vum Budget 2025 sinn 31,6 Millioun Euro fir de Ministère de l'égalité virgesinn. Eng Hausse vu 15 Prozent am Verglach zu zejoert.