Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Vergewaltegungsvirwërf géint de Regisseur Roman Polanski

Een neie Fall aus dem Joer 1973

Nei Vergewaltegungsvirwërf géint de Regisseur Roman Polanski

Et ginn nei Vergewaltegungsvirwërf géint de Regisseur Roman Polanski an Amerika. Den 90 Joer ale Polanski ass schonn zanter méi wéi 40 Joer op der Flucht virun der amerikanescher Justiz, déi hie wéinst Mëssbrauch vu Mannerjärege verfollegt.

auto_stories

1 min

Roman Polanski | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel

Dat wéinst engem Fall aus dem Joer 1978. Elo huet eng Fra, déi nach anonym ass, eng weider Plainte géint de weltbekannte Regisseur gemaach. Si gehäit dem Polanski vir, si 1973, wéi si nach mannerjäreg war, ënner Alkohol gesat a vergewaltegt ze hunn. Dem Roman Polanski säin Affekot huet d‘Uschëllegung dementéiert.