Radioen

On air

Notturno  |  Lambchop - The Hustle

play_arrow Live
search

/ Nei Tourismusstrategie strieft méi nohaltegen a sozialen Tourismus un

Lëtzebuerg als nohaltegt Reeszil

Nei Tourismusstrategie strieft méi nohaltegen a sozialen Tourismus un

Lëtzebuerg soll eng méi nohalteg Reesdestinatioun ginn. Den Toursimusminister Lex Delles huet um Dënschdegmoie virun der Press eng entspriechend Strategie fir déi Entwécklung vum Tourismus hei am Land presentéiert. Lëtzebuerg soll sech hei net nëmmen op ekologeschem, mee och op sozialem, kulturellen an wirtschaftlechem Niveau als authentesch an nohalteg Destinatioun positionéieren.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Sophie Schroeder

D’Strategie soll op dräi Pillierë baséieren: Eng nohalteg Gestioun, eng ëmweltfrëndlech Mobilitéit an eng Sensibiliséierung fir den Naturschutz. Dofir huet den Tourimusminister Lex Delles och eng definéiert Leitlinn presentéiert.

"Den Tourismus setzt staark Impulser fir eng nohalteg Entwécklung vu Lëtzebuerg a positionéiert d’Destinatioun op eng natierlech authentesch Manéier als nohaltegt Reeszil am Häerz vun Europa."

CO2 Emissioune Reduzéieren

An dëser neier Strategie géif et drëms goen, konkret Mesuren auszeschaffen, fir d’Nohaltegkeet am ganzen Tourismussecteur ëmzesetzen. Dofir bräicht et als éischt Definitioun vun Nohaltegkeet zu Lëtzebuerg.

"Zweetens: A wat fir enge Felder musse mir nach schaffen. Zum Beispill d’Mobilitéit, wou mir kucken déi Vernetzungen ze maachen, zum Beispill en Tourismus fir jiddereen, dat heescht de soziale Volet, zum Beispill d’Plus-value déi den Tourismus zu Lëtzebuerg schaaft."

Hei drënner géifen d’Reduktioun vun CO₂-Emissiounen am Tourismus falen, wéi och eng besser Verbindung vun de touristesche Sitten an d’Optimiséierung vum sougenannten “EcoLabel”, deen aktuell eng 45 Betriber hunn.

Offere fir méi nohaltegen an Inklusiven Tourismus

Een dovun ass de City Hotel op der Stater Gare, wou ee schonn divers Mesuren ëmgesat hätt, erkläert de Christophe Antonellis vum City Hotel. Et géif ee mat lokale Fournisseuren zesummeschaffen an d‘Aarbechtskleedung vum Botzpersonal wier aus Faitrade Kotteng.

"On a aussi réduit l’éclairage de nuit: l’éclairage à l’extérieur de l’hôtel n’est plus allumé 24/7, comme on le faisait à l’époque."

Een anert Beispill ass d‘Erliefnis Baggerweier ASBL mat Sëtz zu Rëmerschen. Do géif ee virun allem op d’Inklusioun am Tourismussecteur setzen, sou den Direkter Ramon Hemmer. 

"Mir sinn ee Betrib, dee mat defavoriséierte Leit schafft. Dat heescht ier mir dat deenen anere Leit et sou maachen datt si sech wuel fillen, beliewe mir da mol selwer am Betrib. Dat heescht mir hu Leit déi deelweis Beanträchtegungen, mir hu Schoulofbriecher, mir hu Leit mat Migratiounshannergrond, sou wéi och Leit déi scho länger Zäit am Chômage sinn."

Ënnert der Charta „Design for all“ géif een den Alldag dann zesummen assuréieren.

Separat Strategie

Etüde géife weisen, datt eng nohalteg Offer am Tourismussecteur fir ronn 70 Prozent vun de Residenten an de Frontaliere wichteg wier.

Dëst Konzept wier zwar eng separat Strategie, mee géif sech an den nationale Plang fir d’nohalteg Entwécklung areien, sou nach den zoustännege Minister Lex Delles.

Lauschterenplay_arrow